Dänemark ass bei den Hären déi 4. Kéier hannertenee Weltmeeschter ginn. Gidsel a Co. hunn déi lescht 37 Matcher op enger WM net méi verluer.

Do stellt sech natierlech d'Fro, wat ass de Secret vun den Dänen, dozou de Riccardo Trillini, deen déi lescht 8 Joer Nationaltrainer vun den Italiener war, an do virdrun den HB Käerjeng trainéiert hat:
 
"Le Danemark, c'est trois noms. Nielsen, Gidsel et Pytlick. Surtout Nielsen, il est exceptionnel. Il a permis de dominer le match chaque match. Il fait des arrêtes incroyables. Après il y a encore Pytlick et Gidsel, qui sont extraordinaires à niveau de puissance et au niveau aussi de mentalité, parce qu 'ils n’arrêtent jamais, ils ont joué comme un final, chaque match est là une final pour eux."

De Riccardo Trillini

Ee vun de Secrete vun den Dänen ass och, datt d'Hale fir Handball ze spillen an Dänemark ëmmer op sinn, an d'Familljen einfach dohi ginn, fir Spaass ze hunn a flott Momenter mateneen ze verbréngen.