Fir de Lëtzebuerger Dëschtennis steet e Sonndeg zu Berbuerg an der Sportshal e richtegen Highlight um Programm.

Fir de 50. Anniversaire vum DT Berbuerg huet de Veräin et fäerdegbruecht, zwou Bundesliga-Ekippen an de Grand-Duché ze bréngen. Den TTC Zugbrücke Grenzau mam Lëtzebuerger Luka Mladenovic spillt fir de 16. Spilldag vun der Dëschtennis-Bundesliga zu Berbuerg géint den amtéierenden Champions-League-Gewënner Saarbrécken.

Et ass dem Luka Mladenovic, deen eréischt fir dës Saison op Grenzau gewiesselt ass, seng drëtt Spillzäit an der éischter däitscher Bundesliga, dat nodeems hien 2022 mat Mainz den Opstig aus der 2. Bundesliga feiere konnt. Souwuel zu Mainz wéi och zu Grenzau souz schonn déi eng oder aner Kéier e Lëtzebuerger am Public, elo awer am Grand-Duché selwer ze spillen, ass eppes ganz Spezielles fir de Lëtzebuerger Nationalspiller, dee beim DT Berbuerg lizenzéiert ass.

De Luka Mladenovic freet sech op eng gutt Stëmmung

Et ass eréischt deen zweete Bundesliga-Match iwwerhaapt, deen net op däitschem Buedem gespillt gëtt. An der Hironn hu béid Ekippe schonn eemol géintenee gespillt, do gouf et eng 3:1-Victoire fir den Champions-League-Gewënner vun de leschten zwee Joer. Den eenzege Punkt fir Grenzau hat deemools de Luka Mladenovic markéiert, dat duerch eng 3:0-Victoire géint de Japaner Yuto Muramatsu.

Och e Sonndeg ass Saarbrécken de klore Favorit. Luka Mladenovic a Co si sech awer bewosst, datt se net vu vir era verluer hunn. Dem Lëtzebuerger Nationalspiller no ka Grenzau op engem gudden Dag géint all aner Ekipp gewannen. Allgemeng ass et him einfach wichteg, säi Bescht ze maachen a mat der eegener Leeschtung zefridden ze sinn.

Wéi stinn d'Chancen op eng Victoire?

Aktuell steet Grenzau op der leschter Tabelleplaz. Bis elo ass d'Saison fir de Veräin an och fir d'Lëtzebuerger Nummer 1 alles aneschters wéi ideal verlaf. Dacks war d'Ekipp mat Ausfäll geplot, iwwerdeems de Luka Mladenovic no enger laanger Olympia-Saison seng Schwieregkeeten hat, an e Rhythmus ze kommen. An de leschte Wochen huet hien awer e Schratt no vir gemaach, huet awer leider déi eng oder aner knapp Néierlag missen astiechen.

De Luka Mladenovic iwwer déi aktuell Saison

De Lëtzebuerger bleift awer optimistesch an ass och der Meenung, datt et de richtege Schrëtt war, op Grenzau ze wiesselen. Den TTC Zugbrücke Grenzau ass eng bekannt an etabléiert Bundesliga-Ekipp, aneschters wéi dat zu Mainz de Fall war. D'Ambitioune si méi grouss an deemno och den Drock, mee dat ass eppes, wat de Luka Mladenovic net stéiert. Et si wichteg Erfarunge fir hien, déi a senger Entwécklung immens wichteg sinn.

De Luka Mladenovic iwwer säi Wiessel op Grenzau

De Match e Sonndeg géint Saarbrécken ass iwwregens ausverkaaft. Mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Public hoffe Mladenovic a Co., géint den Champions-League-Gewënner iwwerraschen ze kënnen.

De Resumé vum Match a Reaktioune vun ënnert anerem dem Luka Mladenovic fannt Dir e Méindeg bei eis um Site an owes am Journal op der Tëlee.