"Mir freeën eis op de Match a si prett"

EM-Qualifikatioun am Basket Lëtzebuerg-Schwäiz (44:59) (10.11.24) / © Emile Mentz
Um Donneschdeg den Owend kéint d'Dammebasketballnationalekipp e grousse Schratt Richtung Europameeschterschaft maachen.
Um Donneschdeg den Owend kéint d'Dammebasketballnationalekipp e grousse Schratt Richtung Europameeschterschaft maachen.
An e puer Stonne gëtt de Match zu Sarajevo a Bosnien ugepaff. D’Chance fir FLBB-Formatioun ass do, am Fall vun enger Victoire, e grousse Schratt Richtung Europameeschterschaft, déi am Juni an Italien, Däitschland, Griicheland an Tschechien gespillt gëtt, ze maachen.
Un eng méiglech Qualifikatioun wëll d’Ekipp awer net denken: "De Fokus läit eleng um Match vun den Owend", sot d'Tessy Hetting, Directeur technique vun der FLBB, kuerz virun der Partie.