Lisy Hetting: "Mat 34 Joer an no 27 Saisonen ass Schluss"

Archivbild
D'Nationalspillerin huet matgedeelt, datt e Schlussstréch ënnert déi international Karriär gezu gëtt.
Dat een Dag no der Victoire an der EM-Qualifikatioun géint Bosnien-Herzegowina. D'Lisy Hetting hofft awer, dass d'FLBB-Damme sech um leschte Spilldag vun der EM-Qualifikatioun (e Sonndeg spillt d'Basketnationalekipp um 16 Auer géint Montenegro) fir d'Europameeschterschaft an Däitschland, Italien, Tschechien a Griichenland qualifizéieren.
Et ginn e puer Grënn fir d'Entscheedung, e Schlussstréch ënnert déi international Karriär ze zéien. Engersäits déi vill Operatiounen un der Schëller, privat Projeten an dass mat 34 Joer an no 27 aktive Joren einfach de Moment komm ass, fir opzehalen, heescht et am Communiqué.
Virun allem wëll d'Lisy Hetting eppes betounen: "Dass Héichleeschtungssport trotz Schwangerschaft méiglech ass". Hire Bouf, de Leo (6 Joer) sëtzt bei de Matcher ëmmer op den Tribünen an encouragéiert seng Mamm. Och de fréieren Nationaltrainer a fréieren Trainer vum Gréngewald Hermann Paar gëtt ernimmt, deen d'Karriär vun der Lëtzebuergerin gepräägt huet.
Falls der Dammebasketballnationalekipp déi historesch Qualifikatioun fir d’EM géif geléngen, wier d'Lisy Hetting Supporter Nummer 1 vun der Tribün aus.
Dir kënnt déi decisiv Partie an der EM-Qualifikatioun géint Montenegro e Sonndeg vu 16 Auer u live op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu kucken.