FuttballnationalekippJeff Strasser huet FLF-Kader fir Nations League presentéiert

Sam Rickal
Marvin Martins, Leandro Barreiro, Olivier Thill, Timothé Rupil an Jayson Videira si rëm dobäi, de Christopher Martins feelt blesséiert. Den Omar Natami ass eng éischte Kéier fir d'Rout Léiwe selektionéiert ginn.
Den Nationaltrainer Jeff Strasser huet säi Kader fir d'Matcher an der Nations League presentéiert.
Den Nationaltrainer Jeff Strasser huet säi Kader fir d'Matcher an der Nations League presentéiert.
© Sam Rickal

De Kader vun der Lëtzebuerger Hären-Futtballnationalekipp fir den Optakt vun der neier Campagne an der Nations League steet. Nei ass jo zanter dëser Saison, datt d’Rout Léiwen direkt véier Matcher bannent ronn zwou Woche wäerte spillen.

E Freideg de Moien huet den Nationaltrainer Jeff Strasser säi Kader vu 26 Spiller annoncéiert. Am Verglach zum leschte Rassemblement am Juni feelt de Blesséierte Christopher Martins.

Zeréck am Krees vun de Roude Léiwen si Marvin Martins, Leandro Barreiro, Olivier Thill, Timothé Rupil an Jayson Videira. Fir den Omar Natami vum Tabelleleader aus der BGL Ligue UNA Stroossen ass et dogéint déi éischt Selektioun.

PDF: Den FLF-Kader fir d'Matcher géint Bulgarien, Island an Estland.

Lass geet et fir d’FLF-Selektioun de 26. September auswäerts a Bulgarien. Déi éischt Partie am Stade de Luxembourg spillt d’Ekipp vum Jeff Strasser den 29. September géint Island. Fir den Heem-Match sinn nach Ticketen ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO