No iwwer engem Joerzéngt an der Nationalekipp wäert den Thomas Grün d'nächst Woch säi leschte Match fir Lëtzebuerg spillen.

Wéi et op der Säit vun der FLBB en Donneschdeg heescht, wäert de WM-Qualifikatiounsmatch auswäerts géint Norwegen de leschte Match an der Karriär vum 29 Joer ale Spiller vum Basket Esch sinn. Verletzungssuergen an e verännert privat Ëmfeld hunn de fréiere Profi, dee jorelaang zu Tréier aktiv war, zu dëser Entscheedung beweegt.

D'Lëtzebuerger Häre spillen den 20. Februar géint Norwegen a mussen do gewannen, fir eng Chance op den nächsten Tour vun der Qualifikatioun ze hunn.