Team Shaq wënnt den All-Star-Game, Steph Curry zum MVP gewielt

© Ezra Shaw / Getty Images North America / Getty Images via AFP
An der Nuecht op e Méindeg gouf an der NBA den traditionellen All-Star-Game gespillt, dëst Joer allerdéngs an engem neie Format.
Zu San Francisco gouf fir déi éischte Kéier e Mini-Tournoi mat véier Ekippe gespillt, dat mat kuerze Matcher mat engem sougenannten "Target-score" vu 40 Punkten. Dat heescht, dass déi Ekipp de Match gewënnt, déi fir d'éischt 40 Punkten um Kont huet. Déi lescht Jore war de Match net kompetitiv an d'Spiller hunn den All-Star-Game als lockeren Training gesinn, deem wollt d'Liga mam neie Format entgéintwierken.
D'NBA-Legenden an aktuell TV-Experte Shaquille O'Neal, Charles Barkley a Kenny Smith hunn déi insgesamt 24 All-Stars an dräi Ekippe gewielt, eng weider Ekipp aus jonke Spiller huet um Final Four deelgeholl.
An der Finall stounge sech dem Shaquille O'Neal seng "OG's", eng Ekipp mat den erfuerene Spiller, an dem Charles Barkley seng "Global Stars", eng Ekipp mat villen internationale Spiller, géintiwwer. Um Enn setzt sech Team Shaq mat 41:25 duerch. MVP vum All-Star-Weekend gouf de Stephen Curry vun der Lokalekipp Golden State Warriors, hie koum am entscheedende Match op 12 Punkten. Déi néng Spiller vum Gewënner (Stephen Curry, Damian Lillard, Anthony Davis, Lebron James, James Harden, Jayson Tatum, Kyrie Irving, Anthony Davis, Jaylen Brown) kënne sech iwwer 125.000 Dollar Präisgeld pro Kapp freeën.
Mac McClung fir déi drëtt Kéier noenee Slam-Dunk-Champ
Traditionell stoungen an der Nuecht op e Sonndeg e puer Kompetitiounen um Programm. Beim Dunk-Contest konnt de Mac McClung den Titel déi drëtte Kéier noenee feieren. D'Dräi-Punkte-Competitioun huet den Tyler Herro vun de Miami Heat gewonnen a bei der Skills-Challenge haten d'Cleveland Cavaliers d'Nues vir.