Déifferdeng an Esch deelen d'Punkten

© Gilles Tricca
Dëst Gläichspill spill virun allem Bierchem an Diddeleng an d'Kaarten, déi hir Avance ausbauen. Bei den Damme gouf et Victoirë fir d'Favoritten.
Axa League Hären
Nom der klorer Néierlag virun enger Woch zu Diddeleng kann d'Red Boys Déifferdeng och zu Esch net gewannen. Géint den HB Esch gouf et e 25:25-Gläichspill.
Fir Esch koum et direkt am Ufank knëppeldéck. D'Schwaarz-Wäiss hu mam Enes Agovic fréi e weidere Spiller verluer, woumat d'Lazarett vum Rekord-Coupegewënner nach méi grouss gëtt. Mam Luca Tomassini hat sech dës Woch schonn eng wichteg Stäip vum Escher Spill blesséiert.
No engem staarke Start vun de Red Boys ass Esch besser an de Match komm an et huet sech en Op an Of an den éischten 20 Minutten entwéckelt. D'Lokalekipp konnt an der 24. Minutt eng éischt Kéier a Féierung goen, konnt sech awer just kuerzweileg doriwwer freeën. Déifferdeng huet mat engem 4:0-Laf geäntwert a goung mat 15:12 an d'Kabinnen.
D'Red Boys konnte sech direkt nom Säitewiessel op 5 Goler ofsetzen an et hat geschéngt, wéi wann de Match domat gelaf wär. Mee duerch Onkonzentréiertheeten an eng Disqualifikatioun fir den Aillaud huet sech Déifferdeng de Match selwer schwéier gemaach. Esch konnt dovu profitéieren an an der 51. Minutt ausgläichen. An der Crunchtime konnt sech keng Ekipp behaapten, sou dass et beim Gläichspill blouf. Esch ka mat dësem Punkt besser liewe wéi d'Red Boys. Déifferdeng huet elo 3 Punkte Retard op Bierchem an 1 Punkt Réckstand op Diddeleng.
Den HC Bierchem huet mam HB Käerjeng kuerze Prozess gemaach. No 60 Minutte stoung et an der Krauthemer Sportshal 38:27 fir d'Réiserbänner. Bei Käerjeng war den Ausfall vum Spillmaacher Romuald Murera däitlech ze spieren. Den amtéierende Champion hat de Match vun Ufank un am Grëff a konnt direkt op 5-6 Goler ewechzéien. Dësen Avantage huet d'Ekipp vum Trainer Marko Stupar bis an d'Paus gehalen (20:14). Och an den zweeten 30 Minutten huet Käerjeng kee Rezept fonnt. An de leschte Minutte konnt Bierchem den Ecart nach e bësse weider eropschrauwen a gewënnt um Enn mat 11 Goler Avance. De Raphael Guden war mat 11 Goler Man of the Match.
Am drëtte Match vum Owend huet sech den HB Diddeleng géint den HC Standard keng Bléisst ginn. Den Tabellenzweete klappt d'Ekipp aus der Haaptstad 37:26. Déi éischt Véierelstonn war et en enke Match, mee duerno konnt den HBD aus engem 9:7 en 12:7 maachen an dëse Virsprong nach weider ausbauen. An der Paus stoung et 20:11 fir d'Fiiss, bei deenen d'Etute-Bridder zesummen 9 Goler an 30 Minutte markéiert haten. Och am weidere Verlaf war den HBD iwwermächteg an huet de Standard net méi an de Match komme gelooss.
Axa League Dammen
Den HB Diddeleng setzt seng Serie fort a gewënnt och kloer 37:27 géint d’Red Boys Déifferdeng. Der Déifferdengerin Sarah Kupke sinn an dësem Match 14 Goler gelongen; si huet domat méi wéi d’Hallschent vun de Goler vun hirer Ekipp markéiert. Den Tabellenéischte konnt séier säi gewinnt Spill opzéien an d’Gäscht distanzéieren a louch no 22 Minutte 12:6 vir. Bis zur Paus konnt Déifferdeng awer nees op 2 Goler verkierzen (15:13). Am zweeten Duerchgang huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gebueden: Diddeleng hat no e puer Minutten nees eng kloer Avance an huet sech d’Botter net méi vum Brout huele gelooss.
No der Néierlag um leschte Spilldag géint Déifferdeng huet sech den HB Käerjeng zeréckkaf an en intensive Match géint den HB Esch 23:17 gewonnen. Esch konnt Käerjeng bis an d'40. Minutt de Bass halen, mee e 4:0-Laf vun de Gréngen huet um Enn den Ënnerscheed gemaach. D'Lena Kirtz (6) an d'Jenny Zuk (5) waren déi bescht Scorerinne fir Käerjeng, d'Noémie Hoffmann, déi eng éischt Kéier fir d'Nationalekipp nominéiert gouf, huet fir Esch 6 Goler bäigesteiert.