Bierchem mat Big Points am Meeschterkampf
Zu Käerjeng hunn d’Spectateuren e spektakuläre Match gesinn, dee remis ausgoung. D’Red Boys krope sech déi éischt Victoire am Playoff.
Axa League Hären
Am Lëtzebuerger Handball-Klassiker si mat Bierchem an Esch zwou Ekippen openee getraff, déi an de leschte 25 Joer zesummen 18 Championstitelen an 18 Coupegewënner gesammelt hunn. Um 3. Spilldag vum Titel-Playoff hat Bierchem d’Gléck méi op senger Säit a setzt sech 28:21 géint Esch duerch.
Bierchem hat wuel de bessere Start an de Match a konnt sech séier eng Avance vun 3-4 Goler erausspillen. Den Escher Motor huet e bësse gebraucht, bis en op Toure war, mee duerno war d’Ekipp vum Trainer Rajko Milosevic am Match a konnt an der 23. Minutt ausgläichen (9:9). D’Säite goufe beim Stand vun 12:11 fir d’Réiserbänner gewiesselt.
D’Gäscht hu bis an 45. Minutt daper matgehalen, trotz dem Ausfall vun dräi wichtege Stäipen an hirem Spill, mee duerno konnt den amtéierende Champion de Virsprong tëschenzäitlech op 5 Goler ausbauen, wat den entscheedende Virdeel ginn huet. Esch huet mat enger duebeler Manndeckung wuel versicht, de Match nach ëmzedréinen, awer ouni Succès. An de leschte Minutte konnt Bierchem souguer vun der viller Plaz profitéieren an den Ecart nach eropschrauwen.
An der éischter Renconter géint seng al Ekipp huet de Käerjenger Trainer Ben Schuster dem HB Diddeleng ee Punkt am Kampf ëm d’Meeschterschaft ofgeholl. De Léierbouf a säi Léiermeeschter Hummel trenne sech an engem spannenden Duell 36:36.
An enger rasanter éischter Hallschent mat insgesamt 40 Goler (19:21 fir Käerjeng) hu sech béid Ekippen näischt geschenkt. Eng gutt Verdeedegung a Parade vun de Golkipper ware rar. Bis an d’20. Minutt war de Match equilibréiert, mee dunn ass den Diddelenger Fiiss e 6:0-Laf gelongen a si hunn aus engem 13:14 en 19:14 gemaach. Käerjeng huet sech awer net opginn a koum bis an d’Paus nach eng Kéier erun.
Och nom Säitewiessel hunn d’Spectateuren 32 Goler ze gesi kritt, dës Kéier kruten d’Golkipper awer méi dacks d’Patten un de Ball. Käerjeng hat ab der 39. Minutt wuel de Lead, koum awer ni méi wéi 2 Goler ewech. Déi Gréng hu souguer eng Phas an dräifacher Ënnerzuel iwwerstanen. An enger turbulenter Schlussphas mat zwou Disqualifikatiounen op Käerjenger Säit hat déi lescht Spillminutt et a sech. Fir d’éischt konnt Diddeleng op 36:35 erhéijen, éier de jonken Noah Huberty mat sengem 6. Gol Sekonne viru Schluss fir den Endstand gesuergt huet.
D’Red Boys waren net gutt an de Playoff gestart (1 Néierlag, 1 Gläichspill), mee géint Standard gouf et endlech déi éischt Victoire. Den 21:18 war awer en haart Stéck Aarbecht.
De Vize-Champion aus der leschter Saison huet sech an der éischter Hallschent immens schwéier gedoen, och well de Standard gutt agestallt gi war. Eng gutt Defense an eng Rëtsch Parade vun de Golkipper op béide Säiten hunn dofir gesuergt, dass et mat dem niddrege Score vun 10:9 fir déi Rout an d’Kabinne goung.
De Standard huet sech och am zweeten Duerchgang net wierklech ofhänke gelooss a blouf bis an d’50. Minutt am Match. D’Red Boys konnten an där Phas op 5 Goler ewechzéien a soumat den néidegen Ecart maachen. Déifferdeng konnt awer nees net wierklech iwwerzeegen an huet sech phaseweis um Ex-Golkipp Zuzo d’Zänn ausgebass. An der Tabell ass Déifferdeng elo punktgläich mat Diddeleng.