Donieft huet Atlético Madrid sech knapp géint Athletic Bilbao duerchgesat a PSG huet Lille iwwerrannt.

An der Bundesliga gouf et beim éischten Asaz vum Tiago Pereira een däitlechen 3:0-Erfolleg fir Gladbach. Och Dortmund a Mainz konnte sech auswäerts dräi Punkte sécheren.

FA Cup

Bournemouth - Wolves 1:1 (6:5 n. E.)
1:0 Evanilson (30'), 1:1 Cunha (60')

Manchester City - Plymouth Argyle 2:1
0:1 Talovierov (38'), 1:1 O'Reilly (45+1'), 2:1 O'Reilly (76'), 3:1 De Bruyne (90')

Nodeems den Zweetligist scho Liverpool aus dem FA Cup eliminéiere konnt, ass een och géint d'Citizens per Kappball a Féierung gaangen. Et sollt bis zum Enn den eenzegen Ofschloss vu Plymouth bleiwen. Kuerz virum Säitewiessel huet den O'Reilly fir de verdéngten Ausgläich gesuergt, an eng Véierelsstonn viru Schluss huet de jonken Englänner mat sengem zweete Gol d'Partie gedréint. Och seng zwee Goler waren iwwerdeems Kappbäll. Den De Bruyne huet de Match dunn endgülteg entscheet.

Serie A

Atalanta - Venedeg 0:0

Neapel - Inter 1:1
0:1 Dimarco (22'), 1:1 Billing (87')

Am Spëtzematch tëscht dem 2. an dem 1. huet den Dimarco seng Faarwe mat engem schéinen direkte Fräistouss a Féierung bruecht. Béid Ekippe waren op Aenhéicht, Neapel ass nom Géigegol géint eng gutt organiséiert Defense vun de Gäscht awer kaum zu kloren Occasioune komm. Am zweeten Duerchgang huet Inter sech du just nach op d'Verdeedege konzentréiert, wat um Enn awer net zum Erfolleg féiere sollt. Kuerz viru Schluss huet de Billing ausgeglach, woumat d'Avance vum Leader Inter bei just engem Punkt bleift.

Ligue 1

Saint-Étienne - Nice 1:3

0:1 Rosario (10'), 1:1 Stassin (32'), 1:2 Nade (52', Selbstgol), 1:3 Guessand (69')

PSG - Lille 4:1
1:0 Barcola (6'), 2:0 Marquinhos (22'), 3:0 Dembélé (28'), 4:0 Doué (37'), 4:1 David (80')

PSG huet Lille nach virun der Paus reegelrecht iwwerrannt a konnt de Match schonn no 37 Minutten decidéieren. Den Tabelleleader PSG huet mat dëser Victoire eng Avance vu 16 Punkten op Marseille, déi e Sonndeg nach nozéie kënnen. De Meeschtertitel dierft dem Veräin aus der Haaptstad awer net méi ze huele sinn.

La Liga

Betis Sevilla - Real Madrid 2:1
0:1 Diaz (10'), 1:1 Cardoso (34'), 2:1 Isco (54', Eelefmeter)

Duerch ee schéine Spillzuch huet den Diaz d'Madrilenen scho fréi a Féierung bruecht. Betis huet sech awer onbeandrockt gewisen an huet sech zréck an d'Partie gekämpft, wat sech no 34 Minutte duerch ee Kappball vum Cardoso bezuelt maache sollt. Betis huet sech och nom Gol net zréckgezunn a krut no engem Foul vum Rüdiger en Eelefmeter, deen den Ex-Kinneklechen Isco verwandele konnt. An der Schlussphas huet de Real op den 2:2 gedrängt, d'Defense vun den Haushären huet awer kaum méi Chancen zougelooss.

Atlético Madrid - Athletic Bilbao 1:0
1:0 Alvarez (66')

An engem Match op Aenhéicht huet den agewiesselten Alvarez den eenzege Gol vum Dag markéiert, nodeems hie schéi vum Llorente an Zen gesat gouf. Béid Ekippen hate genuch Chancen, hunn dës awer all ongenotzt gelooss. Eleng d'Gäscht hunn am zweeten Duerchgang dräimol Aluminium getraff, de Ball sollt awer de Wee an de Gol net fannen. An der Tabell zitt Atlético domat laanscht de Real an üübt Drock op Barcelona aus, déi e Sonndeg awer nach laanschtzéie kënnen.