Diddeleng erhält Chance op Meeschtertitel oprecht

© Gilles Tricca
Duerch eng desolat éischt Hallschent huet Käerjeng e bessert Resultat verspillt. Esch gewënnt souverän beim Standard.
Axa League Hären
Diddeleng war forcéiert, de Match géint Bierchem ze gewannen, fir nach eng Chance op de Championstitel ze hunn. Dës Chance huet den HBD genotzt a klappt d’Réiserbänner héichverdéngt 41:36. Domat bleiwen d’Fiiss doheem ongeschloen.
De Match hat mat honnert à l’heure ugefaangen: bannent 10 Minutte kruten d’Spectateuren an enger voller Diddelenger Hal 12 Goler ze gesinn (5:7). Duerno hu béid Ekippen et e bësse méi calme ugoe gelooss an d’Golkipper koume besser an de Match. Bierchem hat de Match laang ënner Kontroll, mee duerch dräi Paraden hannertenee vum Thierry Hensen konnt den HBD no 28 Minutten ausgläichen a souguer mat enger Féierung an d’Paus goen (16:15).
Dës Féierung hunn d’Fiiss am weidere Verlaf vum Match net méi hierginn. Diddeleng louch gréisstendeels 2-3 Goler vir a konnt de Virsprong an der 46. Minutt eng éischt Kéier op 4 Goler ausbauen. Et war eng staark Ekippeleeschtung vum HBD, mat engem staarken Thierry Hensen a Mika Herrmann am Gol. Vir hunn d’Etute-Bridder gewierbelt an och de jonken Hugo Neuberg konnt op sech opmierksam maachen. Bei Bierchem war ab der 45. Minutt iergendwéi de Wuerm dran a si hunn et Diddeleng ze einfach gemaach. Mat dëser héijer Néierlag huet Bierchem e schwéiere Rucksak am Réckmatch ze schëlleren, wann et herno op d’Golverhältnis ukomme sollt. De Samuel Etute war mat 15 Goler de Man of the Match, mee de Bierchemer Raphael Guden stoung him mat 12 Goler an näischt no.
De positiven Elan aus dem Match géint Diddeleng ass bei Käerjeng séier verpufft. Géint den Noper vun Déifferdeng souz et no enger desolater éischter Hallschent eng 19:31-Néierlag fir d’Ekipp aus der Brauereistad.
No engem katastrophale Start an engem Réckstand vun 1:8 no 15 Minutten huet de Käerjenger Trainer Schuster versicht, seng Ekipp mat zwee Timeouten nees opzebauen an an de Match ze bréngen. Mee den erhofften Impuls sollt sech net astellen. Käerjeng sinn an den éischten 22 Minutte just 2 Goler gelongen.
Déifferdeng war méi ofgekläert an huet an der Verdeedegung zougepaakt, huet sech awer net groussaarteg ustrenge mussen, fir mat 15:4 an d’Kabinnen ze goen. Käerjeng konnt déi zweet Hallschent, wat de Score betrëfft, ausgeglach gestalten, déi kloer Néierlag awer net méi ofwennen. Duerch d’Bierchemer Néierlag bedréit de Réckstand vun de Red Boys just nach ee Punkt.
Den HB Esch setzt sech mat 35:22 souverän beim HC Standard duerch a baut an der Tabell säi Virsprong op Käerjeng aus.
D'Gäscht aus dem Minett waren déi kloer besser Ekipp a louche séier e puer Goler vir. Beim 12:3-Avantage no 17 Minutten hat et fréi no enger klorer Affär fir d’Schwaarz-Wäiss ausgesinn, mee de Standard koum mat engem 6:2-Laf nees a Schlagdistanz (10:14 no 28 Minutten). D’Stater hunn an dësem Zäitraum virun allem vu villen Escher Zäitstrof profitéiert.
Nodeems d’Säite beim Stand vu 15:11 fir Esch gewiesselt goufen, huet et bis zur 48. Minutt gedauert, bis Esch de Standard kloer distanzéiere konnt (26:20). An de verbleiwende Minutten ass de Stater d’Loft ausgaangen an Esch huet de Score no uewe geschrauft.