Bei den Dammen a bei den Hären war dëse Weekend de leschte Spilldag virun de Playoffs.

Hären

Bei den Häre war virum Weekend nach net ganz kloer wien et an d'Halleffinalle géif packen. Kloer war, datt de VC Luerenzweiler, de VC Stroossen an de Volley Bartreng scho qualifizéiert waren. Ëm déi véiert Plaz hunn de CHEV Dikrech an de VC Fenteng gekämpft. Fenteng hat virum Spilldag 5 Matcher gewonne mat 13 Punkten an Dikrech 4 Matcher gewonnen, dobäi och 13 Punkte kritt. (Erklärung: Bei engem 3:0/3:1 ginn et 3 Punkten, bei engem 3:2 gëtt et 2 Punkten a bei engem 2:3 gëtt et 1 Punkt fir d'Tabell)

Bei Dikrech géint Iechternach hunn d'Abteistätter de CHEV am éischte Saz iwwerrascht (22:25). Hei huet virun allem de Pol Bollendorff an der Attack ervirgestach. Dësen Niveau konnten déi Iechternacher an de weidere Sätz awer net halen. Donieft hate sech déi Dikrecher besser agestallt a konnte mat 25:14 an zweemol 25:15 de Match mat 3:1 fir sech decidéieren.

Um Sonndeg den Owend huet de VC Fenteng säi leschte Match vun der Qualifikatiounsronn géint Esch gespillt. Fenteng huet hei mat 3:0 oder 3:1 misse gewannen, fir no Punkten nees gläich ze zéien a virun Dikrech ze bleiwen. Fenteng huet dann och näischt ubrenne gelooss an dem Outsider vun Ufank u keng Chance gelooss. Souverän gewënnt d'Heemekipp vum Holleschbierg mat 3:0, an de Sätz mat 25:14, 25:20 a 25:18. Domat bleift de VC Fenteng op der véierter Plaz an der Tabell.

Ma och de Spëtzematch tëschent dem VC Stroossen an dem Volley Bartreng hat eng grouss Bedeitung. De Gewënner geet hei nämlech dem VC Luerenzweiler an den Halleffinallen aus dem Wee a spillt da géint den Tabellevéierten.

Hei war d'Heemekipp am Centre Atert vun Ufank un dominant. Et ass ganz seelen, datt den Doublégewënner vun 2024 esou ënnert Rieder kënnt wéi am éischte Saz zu Bartreng. Ganzer 14 Punkte konnte Braas, Gajin a Co markéieren. Op eng Stroossener Reaktioun huet een am zweete Saz ëmsoss gewaart. Iwwer 3:0 an 9:2 huet Bartreng mat de Stroossener gemaach wat se wollten. Stroossen krut de Réckstand net méi gutt gemaach a verléiert den zweete Saz mat 17:25. Och am drëtte Saz konnt Bartreng nees fréi en Ecart rausspillen. Mam Réck zur Mauer huet dem Massimo Tarantini seng Ekipp nach emol reagéiert. Et sollt awer net duergoen. Mat 25:23 gewënnt de Volley Bartreng och den drëtte Saz a séchert sech domat duerch d'3:0-Victoire géint Stroossen déi éischt Plaz an der Tabell.

Fir de VC Stroossen ass d'Generalprouf virun der Halleffinall am Final 4 vun der Coupe jiddefalls net gegléckt.

De Freideg ginn d'Halleffinalle vun der Coupe zu Stroossen gespillt. Um Programm steet:
7.Mäerz um 18h30: VC Fenteng - Escher VBC
7. Mäerz um 20h30: VC Stroossen - VC Luerenzweiler

Dammen

Am Volleyball-Championnat vun den Damme war scho virum leschte Spilldag gewosst, wien de Playdown a wien d'Halleffinalle géif spillen. Eenzeg Fro war nach, wéi déi Halleffinallen ausgesinn. Mat Mamer (32 Punkten), Péiteng (32) a Walfer (30) haten 3 Ekippen d'Chance, fir sech als éischten no der Qualifikatiounsronn déi beschten Ausgangslag ze sécheren.

Am éischte Match ass den Tabellevéierten, Gym Volley, senger Favoritteroll géint Iechternach gerecht ginn a konnt 3:0 gewannen. Déi Iechternacher hunn sech gutt gewiert koumen awer net iwwert en 20-25, 16-25 a 20-25 eraus.

Walfer huet duerno seng Hausaufgab géint Bartreng gemaach a mat engem 3:0 virgeluecht. Dobäi hu si mol net op déi erfuere Polina Pitou a Caroline Martin missen zréckgräifen. D' Resultat war komfortabel: 25:20, 25:16, 25:18.

De Volley 80 Péiteng huet am Match géint den Escher VBC mat honnert à l'heure lassgeluecht an den éischte Saz mat 25:8 dominéiert. Vun Esch koum dunn eng Reaktioun a si konnte mat engem 25:18 an de Sätz ausgläichen. Am drëtte Saz huet Esch am Ufank richteg Gas ginn a war mat 5:0 am Avantage - d'Péitengerinne konnten de Retard awer nees séier gutt maachen a goungen dunn hirersäits mat 14:7 a Féierung. Dëse Virsprong konnten si halen, fir mat engem 25:18 ze gewannen. Dës Kéier koum d' Reaktioun vun Esch spéit, mee se koum awer. Nom 13. Punkt ass Péiteng keen eenzege Break méi gelongen an Esch konnt sech vun 8:13 op 20:18 virschaffen. Duerch de 25:21 koum et zum decisive fënnefte Saz. Hei huet nees Péiteng den Toun uginn an um Enn duerch de 15:12, 2 Punkten an der Tabell bei kritt.

Elo hunn all d'Aen op Mamer gekuckt, déi et mam VC Stengefort ze dinn haten. Hei huet den aktuelle Coupegewënner vun Ufank un dominéiert. Mamer huet sech an allen dräi Sätz fréi e Virsprong erspillt a konnt domat souverän mat 3:0 d' Féierung an der Nationaldivisioun verdeedegen (25:15, 25:21, 25:19).

Domadder spille Mamer géint Gym Volley a Péiteng géint Walfer an den Halleffinallen. D''Matcher ginn am "Best of 3"-Modus gespillt an den éischte Match ass de Weekend vum 15./16. Mäerz.

Vun en Donneschdeg u steet de Final 4 vun der Coupe de Luxembourg zu Stroossen um Programm. Hei spille bei den Dammen:
6. Mäerz 18h30: VC Mamer - Gym Volley
6. Mäerz 20h30: RSR Walfer - Volley Bartreng