De Charel Grethen wollt bei der World Indoor Tour Gold zu Madrid Beschtzäit lafen.Dat ass dem Mëttelstreckespezialist net gegléckt.

Nodeems hien ugangs Februar zu Metz iwwer 1500 Meter eng Zäit vun 3:37.90 gelaf war, gouf et e Freideg e Chrono vun 3:39.32. Dat war déi 3. Plaz an der Course, déi vum Äthiopier Melese Nberet gewonne gouf. Säin nationale Rekord aus dem leschte Joer, deen de Charel Grethen zu Bosten an Amerika realiséiert hat, läit bei 3.35:99.

Bei der Indoor-EM zu Apeldoorn ass de Charel Grethen net dobäi. Et gëtt awer nach eng kleng Hoffnung, fir sech iwwert de Ranking fir d'Indoor-Weltmeeschterschaft zu Nanjing a China ze qualifizéieren. Déi ass vum 21. bis den 23. Mäerz. Nanjing war schonn an de Joren 2020, 2021 an 2023 fir d'WM virgesinn, ma opgrond vun der Corona-Pandemie war dat awer net méiglech. Dowéinst kënnt et lo zu der aussergewéinlecher Konstellatioun, datt nëmmen zwou Wochen no der Europameeschterschaft och d'ndoor-Weltmeeschterschaft ass.