Ee Match virdru scho konnt de 40 Joer ale Basketprofi donieft seng 1.000. Victoire an der US-Basketliga feieren.

E Méindeg den Owend huet de LeBron James eng historesch Mark erreecht. Am Match géint New Orleans huet de Basketprofi vun de Los Angeles Lakers säi 50.000. Punkt an der Regular Season vun der US-amerikanescher Basketliga NBA geschoss, wat an der Geschicht virdrun nach kengem anere Spiller gelonge war. Déi magesch Zuel hat hie fréi am éischte Véierel mat engem Schoss vun hannert der Dräierlinn erreecht.

Scho virun zwee Joer hat de LeBron James de Kareem Abdul Jabar mat 44.149 Punkten als deemolege beschten NBA-Marqueur ofgeléist.