An der Nuecht op e Samschdeg huet de Nikola Jokić vun den Denver Nuggets eng historesch Leeschtung gewisen.

Als éischte Spiller an der Geschicht vun der NBA konnt de Serb eng 30-20-20-Performance ofliwweren. Bei enger 149:141-Victoire no Verlängerung koum den dräifachen MVP op 31 Punkten, 22 Assists an 21 Rebounds, dat gouf et an der Geschicht vun der NBA nach ni.

De Jokić kéint d'Saison mat engem Triple-double am Schnëtt ofschléissen, aktuell kënnt de Center op 28,9 Punkten, 12,9 Rebounds an 10,6 Assists pro Match. Denver steet an der Tabell an der Western Conference aktuell op Plaz dräi, dat hanner Oklahoma City an de Los Angeles Lakers.