Um Samschdeg gouf an der Enovos League bei den Hären den 22. an domat leschte Spilldag vun der regulärer Saison gespillt.

Hären

Am Fokus stoung dobäi, wéi eng Ekippen an zwou Woche beim Start vun de Playoff-Serië wäerte géinteneen untrieden.

De Leader EtzellaEttelbréck wënnt auswäerts mat 94:86 géint den T71 Diddeleng. D'Gäscht hu staark an de Match fonnt a sech direkt e klenge Virsprong erausgespillt. Diddeleng huet de véierte Véierel zwar kloer gewonnen (29:19), konnt awer net méi fir Spannung suergen. Den Jimmie Taylor huet 30 Punkte fir seng Ekipp markéiert. Diddeleng muss duerch dës Defaite Steesel an der Tabell laanscht loossen a geet als Tabellendrëtten an de Playoff, als Géigner waart den AB Conter.

Basket - T71 geint d'Etzella / Reportage Shari Schentgen

De Champion Amicale Steesel profitéiert vun der Defaite vun Diddeleng, fir op déi zweet Plaz ze sprangen. Steesel wënnt auswäerts mat 75:62 géint den AB Conter, dat ënner dem Impuls um Elyjah Goss, dee 19 Punkten a 14 Rebounds um Kont stoen hat.

No engem fulminante Comeback am véierte Véierel wënnt d'Arantia Fiels mat 86:84 zu Walfer. Doduerch spréngt d'Ekipp op déi fënneft Plaz an der Tabell, mat enger Defaite wier de Club op déi 8. Plaz zeréckgefall. D'Fiels huet de leschte Véierel 32:14 fir sech entscheet, de Scott Lindsey war mat 25 Punkte beschte Scorer vu senger Ekipp.

Déi lescht Sekonnen tëscht Fiels a Walfer

De Basket Esch setzt sech mat 92:80 géint Munneref duerch. De Quinten Nelson konnt 34 Punkte fir d'Gäscht geheien. Scho virum Spilldag stoung fest, dass Esch als Véierten an de Playoff start, de Géigner heescht Arantia Fiels.

D'Sparta Bartreng wënnt kloer mat 107:86 géint Hiefenech, ka sech an der Tabell awer net méi verbesseren a muss am éischten Tour géint de Champion Steesel untrieden. D'Gäscht hunn 13 Dräier getraff, den Tyler Millin huet mat 24 Punkten am beschte getraff.

D'Musel Pikes setze sech mat 94:86 géint Mambra Mamer duerch a séchere sech domat zwee wichteg Punkte virum Optakt vun der Ofstigsgrupp. Jeeweils 24 Punkte goungen op de Kont vun de Profispiller Barham a Gordon bei de Pikes.

Iwwerbléck vun de Play-off-Serien (Véierelsfinallen*, Placéierung a Klamer)

Etzella Ettelbréck (1) - Résidence Walfer (8)
Amicale Steesel (2) - Sparta Bartreng (7)
T71 Diddeleng (3) - AB Conter (6)
Basket Esch (4) - Arantia Fiels (5)

*All Serie an der Véierelsfinall gëtt am best-of-3 Modus gespillt.

Dammen

Bei den Damme stoung um Samschdeg de sechste Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun um Programm.

Den T71 Diddeleng wënnt de Spëtzematch auswäerts zu Bartreng. D'Lokalekipp hat zwar gutt an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel 21:13 a Féierung, duerno huet d'Ekipp vum Trainer Mike Feyder allerdéngs nëmmen  nach 26 Punkte bis zur Schlusssireen markéiert, um Enn wënnt den T71 69:47. D'Svenia Nurenberg konnt mat 21 Punkten iwwerzeegen, d'Isi Etute huet 11 Punkten an 18 Rebounds zur Victoire bäigesteiert.

De Resumé vun der Dammepartie Sparta - T71 Diddeleng.
Um Enn konnt den T71 mat 69:47 géint d'Sparta gewannen.

De Champion GréngewaldHueschtert bleift ongeschloen a setzt sech mat 75:67 géint den AB
Conter duerch. Op en Neits war d'Alexus Johnson déi stäerkste Spillerin mat 33 Punkten a 19 Rebounds.

D'Amicale Steesel wënnt en enke Match mat 78:71 géint de Basket Esch. D'Mikayla Ferenz konnt dobäi 27 Punkten a 17 Rebounds markéieren.

Wolz setzt sech mat 81:66 géint d'Musel Pikes duerch wouduerch d'Gäscht mat zwee Punkte Réckstand op der leschter Plaz an der Tabell bleiwen. D'Viktoriya Ivanova huet 27 Punkte fir d'Lokalelkipp markéiert.