An der Finall konnt sech Diddeleng souverän mat 4:0 géint den Houwald duerchsetzen.

Diddeleng konnt der Favoritteroll gerecht ginn an huet sech den Titel bei den Damme geséchert. An der Halleffinall hunn Egle Tamasauskaite, Melisa Sadikovic a Co sech mat 4:2 géint Rued behaapt.

An der 2. Hallefiinall huet den Houwald géint Schëffleng d'Iwwerhand behalen. An enger spannender Partie stoung et no 6 Simplen 3:3 gläich. Am Golden Match huet den Houwald sech duerchgesat.

An der Finall ass et den Damme vum Houwald géint Diddeleng awer net méi gelongen, e Simple fir sech ze entscheeden.