Virun 3 Joer haten d’Rout Léiwen an der EM-Qualifikatioun doheem mat 26:32 verluer. Auswäerts gouf et allerdéngs e 27:27-Remis.

Den Nationaltrainer Maik Handschke huet fir d‘Suite vun der 2. Qualifikatiounsphas fir den EURO 2026 e quasi komplette Kader zur Verfügung fir déi ganz wichtege Partie géint d’Belsch. Allerdéngs muss de Bierchemer Yann Hoffmann blesséiert passen. Den Handschke erwaart sech, datt seng Jonge kämpferesch alles wäerte ginn a vläicht eisem Noper an deem Beräich liicht iwwerleeë sinn.

D’Ambitioun virun dëser Qualifikatioun wier et, op d'mannst eng Victoire géint d’Belsch fäerdegzebréngen, well déi aner Géigner aus dem Grupp, an zwar de Vizeweltmeeschter Kroatien an Tschechien, ze staark sinn.

Nei am Kader bei der FLH-Selektioun ass de Vincent Kreiselmaier, deen zu Gummersbach spillt. De Joe Schuster an den Adel Rastoder sinn no hirer Verletzung nees zréck a si virun allem um defensive Beräich e ganz wichtegen Atout. De Kader ass breet a qualitativ gutt besat. 9 Spiller sinn am Ausland aktiv.

E Mëttwoch gëtt de Match um 18.45 Auer am Gymnase vun der Coque gespillt. Dës Partie kënnt Dir bei eis LIVE op RTL Zwee an op RTL.lu suivéieren. De Retourmatch gëtt de Sonndeg zu Hasselt gespillt.