Am Toppmatch um Samschdegowend muss sech de BVB mat 0:2 geschloe ginn a rutscht an der Tabell op déi 11. Plaz of.

An der däitscher Bundesliga war e Samschdeg d'Suite vum 26. Spilldag. E Freideg den Owend gouf et fir den Danel Sinani mam FC St. Pauli eng wichteg 1:0-Victoire géint Hoffenheim.

Am internationale Futtballchampionnat huet sech Brighton ee Punkt géint Manchester City erkämpft.

De Weekend waren och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.

RB Leipzig huet sech mat 2:0 géint Dortmund duerchgesat an domadder wichteg Punkte fir eng Champions-League-Plaz gesammelt. Vun Ufank un hunn d'Leipziger virun den eegene Spectateuren op eng fréi Féierung gedréckt, déi an der 18. Minutt duerch de Xavi Simons och gelonge war. D'Gäscht hu sech schwéier gedoen iwwerhaapt virun de géigneresche Gol ze fannen a konnte sech glécklech schätzen, dass de Réckstand an der Paus net scho méi héich war. Dräi Minutten nom Säitewiessel ass den 2:0 dann duerch de Lois Openda gefall. Duerno ass Dortmund dann zwar ëmmer besser ginn a konnt sech eng gutt Unzuel u Chancen erausspillen, ma e Gol sollt fir si op dësem Samschdeg awer net falen. Um Enn hält d'Leipzig déi dräi Punkte bei sech doheem.

Den Tabelleleader Bayern muss sech mat engem 1:1 géint Union Berlin zefridde ginn. An enger éischter Hallschent mat däitlech méi Ballbesëtz fir d'Gäscht aus München, konnte sech allerdéngs keng vill Golchancen erausgespillt ginn. Nom Säitewiessel ass den Drock vun de Bayern dann ëmmer méi grouss ginn, bis dass eng Flank op de Leroy Sané d'Erléisung bruecht huet. D'Féierung sollt awer net bis zum Schluss unhalen. Duerch ee Feeler vum Golkipp Urbig konnt den Hollerbach profitéieren an op 1:1 ausgläichen.

Fir Mainz gouf et dann en 2:2-Remis doheem géint Freiburg. D'Mainzer, déi aktuell op der 3. Plaz an der Tabell stinn, konnten duerch ee Gol vum Jonathan Burkardt an der 34. Minutt a Féierung goen. D'Euphorie gouf dann awer nach virun der Paus duerch eng Rout Kaart fir den Dominik Kohr gebremst. An Ënnerzuel ass et also an déi zweet Hallschent gaangen, wou d'Gäscht aus Freiburg dann och profitéiert hunn an op 1:1 ausgläiche konnten. An enger opreegender Partie, an där et hin an hier gaangen ass, stoung et no jeeweils engem weidere Gol op béide Säiten 2:2. Mat deem Spillstand ass de Match dann och op en Enn gaangen.

An den zwou weidere Partië vum Samschdegmëtteg konnt sech Borussia Mönchengladbachmam agewiesselten Tiago Pereira Cardoso mat 4:2 zu Bremen duerchsetzen a fir Wolfsburg gouf et zu Augsburg eng 0:1-Defaite.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell