Ehis Etute qualifizéiert sech mat Oregon fir de March-Madness-Tournoi

D'Lëtzebuerger Nationalspillerin Ehis Etute wäert deemnächst op der grousser Bün untrieden.
Mat den Oregon Ducks wäert d'Etute beim March-Madness-Tournoi matspillen, deen an e puer Deeg start. Beim gréisste College-Tournoi an den USA spillen déi stäerksten Ekippe géinteneen. All Match ass eng kleng Finall, nëmmen de Gewënner vun all Ronn kënnt an den nächsten Tour. De Géigner am éischten Tour ass Vanderbilt um Freideg.
Obwuel Oregon viru ronn zwou Woche beim BIG TEN Tournoi am zweeten Tour eliminéiert gouf, gouf d'Ekipp um "Selection Sunday" ausgewielt, fir beim Tournoi dobäi ze sinn. D'Lëtzebuergerin steet an hirer éischter Saison als Rookie reegelméisseg um Terrain an huet schonn e puer gutt Matcher gewisen.
