Sech gesond ernären ass e wichtege Sujet, fir gesond duerch d'Liewen ze kommen. Aus sportlecher Siicht gëtt d'Thema Nutritioun awer ëmmer méi wichteg.

Wann d'Wuert Nutritioun fält, denkt een direkt un e strikten Ernärungsplang. Ob munch Sportler trëfft dat schonn zou, mee net fir jiddereen. Lëtzebuerger Elittesportler kënnen, wat hir individuell Ernärung ugeet, mam Myriam Jacobs vum LIHPS zesummeschaffen.

D'Ernärungsberoderin schafft haaptberufflech am CHEM an niewelaanscht als Dieteticiene fir den LIHPS. Zanter 2018 gräift d’Vera Bertemes-Hoffmann op d’Hëllef vum Myriam Jacobs zréck. D'Liichtathleetin ass frou, a puncto Nutritioun op d’Ënnerstëtzung vun enger Expertin zielen ze kënnen.

"Et geet op deem Niveau vun Training net méi nëmmen duer, fir ze trainéieren, do kënnt nach ganz vill dobäi. Fir all eenzele Prozent nach rauszehuelen, ass et wichteg, fir gesond ze bleiwen a gutt duerch den Training ze kommen. Fir kënne gutt ze trainéieren an ze regeneréieren, spillt Nutritioun eng grouss Roll. Dofir ass déi Ënnerstëtzung immens wichteg."

E Stonneplang wéini, wéi vill an och wat d'Mëttelstreckeleeferin vum Celtic iessen oder drénke soll, gëtt et an dësem Fall net.

Myriam Jacobs: "Effektiv ass déi modern Ernärungsberodung net nëmmen nach op Pläng baséiert. Wa mir elo e Sportler hunn, deen en Ausdauersport mécht, brauch een dat schonn, mee et ass awer net méi esou, dass ee mat enger Kichewo iwwerall muss hilafen."

Dowéinst gëtt fir all Sportaart an all Sportler respektiv Sportlerin de Plang esou adaptéiert, dass et passt. Dowéinst rifft Myriam Jacobs Sportler reegelméisseg an e sougenannte Check up. «Do kucke mir haaptsächlech op d’Energieverfügbarkeet. Dat ass e grousst Thema am Sport.»
 
Zanter deem Vera Bertemes-Hoffmann mam Myriam Jacobs zesummeschafft, ass op alle Fall e Leschtungssprong ze erkennen.
 
«Et ass en Zesummespill vun ville klengen Saachen. Et kann e schlecht soen, genee dat war et. Wann ech awer elo op meng Karriär kucken kann ech soen, ass eng positiv Evaluatioun dra gewiescht.»
 
Eng Fro vun den Athleten ass dacks, wéi vill Prozent u Leeschtungssteigerung dann am Endeffekt aus dem Beräich vun der Nutritioun kommen. Eng Äntwert drop ze fannen, ass an dësem Fall net evident.
 
Myriam Jacobs: «Mir schwätzen hei jo och elo net vun 10% mee éischter vu klengen Pourcentagen, déi um Elitenniveau en Ënnerscheed maachen an et ass e Puzzle vu ganz villen Faktoren. Wat den Niveau méi héich gëtt, wat mir wéi am Weltspëtzt kommen maachen déi Ënnerscheder eppes aus.»
 
Den LIHPS huet och Méiglechkeet Tester ze maachen, fir Kierperzesummensetzung ze ermëttelen.