D’Red Boys klappe Käerjeng in extremis. Donieft huet Diddeleng och géint Esch gewonnen a bleift weiderhin ongeschloen.

Um 4. Spilldag vum Titel-Playoff bei den Dammen huet Déifferdeng no der onerwaarter Néierlag zu Esch e Samschdeg en Zeeche gesat. D’Ekipp vum Trainer Michel Scheuren huet sech am Derby géint den Noper HB Käerjeng 29:28 behaapt a mécht de Kampf ëm Plaz 2 hannert Diddeleng an de verbleiwenden zwee Matcher nees spannend.

Ervirgestach an dësem Match huet d’Rijalda Cilovic, déi mat 10 Goler e groussen Undeel un der Déifferdenger Victoire hat. Mee och d’Käerjengerin Mathilde Poulet huet mat 9 Goler hire Bäitrag fir eng staark Leeschtung vun hirer Ekipp geleescht.

Déifferdeng hat e Blëtzstart erwëscht a louch no 8 Minutte 6:2 vir, mee Käerjeng konnt duerch e 5:1-Laf schonn an der 12. Minutt ausgläichen. Uschléissend waren et nees déi Rout, déi sech mat 3-4 Goler ofsetze konnten a mat 15:12 an d’Kabinne goungen. Déifferdeng konnt de Virsprong och nom Säitewiessel laang bei dësem Stand halen, mee ab der 56. Minutt war Käerjeng nees drun an d’Spannung am Match zeréck. D’Red Boys hunn de Virsprong awer iwwer d’Zäit gerett.

Am zweete Match huet den HB Diddeleng dem HB Esch beim 33:19 keng Chance gelooss. D’Fiiss hu sech ab der 10. Minutt (6:5) konsequent ofgesat a louchen 10 Minute méi spéit scho mat 12:6 am Avantage. Dëse Virsprong gouf bis an d’Paus op 8 Goler ausgebaut (18:10). Esch huet och am zweeten Duerchgang këng Léisunge géint eng staark Diddelenger Defense fonnt a sou war fréi kloer, dass et am Centre sportif René Hartmann net méi spannend sollt ginn. Déi meescht Goler goungen op de Kont vun der Diddelengerin Sharon Dickes an der Ex-Diddelengerin Lea Steichen mat jeeweils 7 Goler.