Déifferdeng elo eleng Tabelleleader, Serie vun den Diddelenger Damme räisst
D’Red Boys klappen Diddeleng am Spëtzematch, Bierchem bleift no Victoire géint de Standard an der Course. Bei den Dammen huet Käerjeng Diddeleng geklappt.
Axa League Hären
Déifferdeng gewënnt den zweete Spëtzematch hannerteneen. An engem spannende Match klappt d’Red Boys Déifferdeng am Duell tëscht de punktgläichen Tabelleleaderen den HB Diddeleng29:28. D’Red Boys stinn domat elo eleng un der Tabellespëtzt. Fir den HBD ass et déi éischt Néierlag am Playoff.
Am Ufank hat et iwwerhaapt net no enger Déifferdenger Victoire ausgesinn. Diddeleng louch no 10 Minutten 9:3 vir. Dunn huet Déifferdeng de Golkipp gewiesselt, wat sech fir de Rescht vum Match bezuelt gemaach huet. Trotzdeem huet et gedauert, bis d’Lokalekipp nees un de Gäscht dru war. An der 20. Minutt stoung et nach ëmmer 14:9 fir den HBD. Bis an d’Paus konnt de Réckstand awer nach op 3 Goler gedréckt ginn.
An der zweeter Hallschent koum Diddeleng net méi zu sengem Spill aus dem éischten Duerchgang, och well de Chris Auger am Déifferdenger Gol zu Héchstleeschtungen opgelaf ass. Den 42 Joer ale Golkipp konnt insgesamt 17 Parade weisen a war e wichtege Facteur fir seng Ekipp. Mee och den Thierry Hensen op der anerer Säit war gutt opgeluecht, sou dass sech béid Golkipper en Duell op Aenhéicht geliwwert hunn.
Déifferdeng konnt an der 39. Minutt eng éischt Kéier d’Féierung iwwerhuelen, uschléissend blouf de Match bis an d’Schlussphas enk a spannend. Wéi Déifferdeng an der leschter Minutt 2 Goler Avantage hat, war et kloer, dass si elo eleng un der Tabellespëtzt stoe géifen.
Den HC Bierchem huet d’Néierlag géint Déifferdeng virun enger Woch gutt verdaut a géint de Standard déi richteg Reaktioun gewisen. Den amtéierende Champion klappt d’Ekipp aus der Haaptstad 38:32. De Bierchemer Raphael Guden huet 10 Goler bäigesteiert. De Standard waart domat weider op déi éischt Punkten am Playoff.
De Match war laang Zäit méi enk, wéi ee sech dat am Virfeld erwaart hat, mee kuerz virun der Paus huet Bierchem bannent 6 Minutten aus engem 17:15 e 24:17 gemaach. De Standard huet sech vun dësem héije Réckstand awer net ënnerkréie gelooss an huet sech lues a lues nees erugerobbt, sou dass et an der 50. Minutt just nach 4 Goler waren. Bierchem huet sech dovun awer net aus der Rou brénge gelooss an de Match souverän iwwer d’Zäit bruecht.
Den HB Esch séchert seng 4. Plaz am Championnat mat enger däitlecher Victoire géint Käerjeng weider of. Géint den direkte Konkurrent stoung et no 60 Minutten 34:26.
Déi éischt Hallschent war gréisstendeels ausgeglach, bis sech Esch kuerz virun der Paus ofsetze konnt a mat engem 14:10-Avantage an d’Kabinne goung. Käerjeng ass et nom Säitewiessel ni gelongen, de Réckstand op manner wéi 3 Goler ze drécken. Ab der 45. Minutt konnt Esch de Virsprong weider ausbauen a goung um Enn als verdéngte Gewënner vum Terrain.
Axa League Dammen
Am leschte Match vun der Placéierungsphas huet Käerjeng dem HB Diddeleng déi éischt Néierlag an dëser Saison zougefüügt. Den HBK klappt d’Diddelenger an der eegener Hal 30:29. Domat räisst d’Serie vu 35 ongeschloene Matcher zënter Januar 2024 vun de Fiiss. Virun allem d’Käerjengerin Jenny Zuk hat mat hiren 10 Goler groussen Undeel dorun.
Diddeleng war ongewéinlech schlecht an de Match komm a louch de ganze Match iwwer ni a Féierung. An der Ufanksphas louch de Käerjenger Virsprong nach bei 1-2 Goler, mee ab der 15. Minutt konnten d’Gäscht hir Avance ëmmer weider ausbauen. An der 27. Minutt hat Käerjeng mat 9 Goler déi gréisst Avance am Match iwwerhaapt a goung mat 19:14 an d’Kabinnen.
D’Gäscht konnten de Virsprong an der zweeter Hallschent gréisstendeels bei 4-5 Goler halen, mee ab der 50. Minutt gouf et nach eng Kéier spannend, wéi den HBD bis op 3 Goler dru war (24:27) a 5 Minutte méi spéit souguer ausgläiche konnt (28:28). Käerjeng ass an de leschte Minutten awer cool bliwwen a goung als Gewënner vum Terrain.
An engem spannende Match mat ville Goler setzt sech d’Red Boys Déifferdeng 35:33 géint den HB Esch duerch. D’Déifferdengerinne Sarah Kupke a Rijalda Cilovic souwéi d’Escherin Noémie Hoffmann hunn 8 Goler markéiert, dat war ee méi wéi d’Lara Weibel an d’Lea Steichen (jee 7).
Quasi de ganze Match iwwer konnt sech keng Ekipp mat méi wéi 3 Goler ofsetzen an d’Féierung ass hin an hier gewiesselt, mee an der 50. Minutt ass et Déifferdeng gelongen, sech mat 4 Goler ofzesetzen, wat schlussendlech och den Ausschlag ginn huet. Esch konnt dat Lach net méi zoumaachen.