De Weekend ginn am Gymnase vun der Coque d'Halleffinallen an d'Finalle vun der Coupe am Dëschtennis bei den Hären an den Damme gespillt.

Esouwuel bei den Hären ewéi bei den Dammen ass den Titelverdeedeger nach ëmmer mat dobäi. Hueschtert-Folscht konnt d'lescht Joer eng éischte Kéier an der Veräinsgeschicht d'Coupe gewanne bei den Hären, iwwerdeems et fir d'Damme vu Rued schonns de 6. Erfolleg war.

Coupe de Luxembourg

Bei den Hären ass Hueschtert-Folscht och dëst Joer de grousse Favorit. An der Halleffinall kritt den Titelverdeedeger et e Samschdeg mat Nidderkäerjeng ze dinn. Wéi gesot ass d'Ekipp ronderëm de Maël van Dessel favoriséiert, et dierf een allerdéngs gespaant sinn, wéi Nidderkäerjeng an dëse Match geet. Sollten den Irfan Cekic an den Evgheni Dadechin spillen, da kéint et méiglecherweis en Tick méi spannend ginn. Allerdéngs hunn allebéid schonn eng Zäitchen am Championnat net méi gespillt. Sollte si also och e Samschdeg net spillen, dierft Hueschtert-Folscht absolut keng Problemer hunn, sech den Ticket fir d'Finall ze sécheren.

An der zweeter Halleffinall triede Recken a Lëntgen géinteneen un. D'Ekipp ronderëm den Nowuessspiller Gene Wantz geet hei och als Favorit eran. Fir Lëntgen misst scho ganz villes richteg lafen, fir géint Recken gewannen ze kënnen. Virun allem ka sech den Halleffinalist aus dem Championnat do natierlech op den Thomas Keinath verloossen, deen eréischt de leschte Weekend géint Hueschtert-Folscht gewisen huet, dass hien nach ëmmer ganz schwéier ze klappen ass.

RTL

Den Thomas Keinath vu Recken. / © Val Wagner (Archiv)

Sollten Iwwerraschungen ausbleiwen, kéint et an der Finall also zur Neioplo vum leschte Joer kommen an do kéint et tëscht Hueschtert-Folscht a Recken da ganz spannend ginn, wéi och schonns de leschte Weekend an der Halleffinall vum Championnat.

Coupe des Dames

RTL

D'lescht Joer konnt Rued sech iwwer e weideren Titel freeën. / © Val Wagner (Archiv)

Bei den Dammen dierft an der éischter Halleffinall net all ze vill Spannung opkommen. Diddeleng ass géint Recken nämlech kloer favoriséiert an dierft och net wierklech eppes ubrenne loossen. An der zweeter Halleffinall kritt et den Titelverdeedeger mat Bäerdref ze dinn. D'Damme vu Rued trieden dëst Joer ouni d'Tessy Gonderinger un a sinn deemno net méi esou staark anzeschätze wéi nach virun engem Joer. Nawell hu si mam Annick Stammet eng gutt Nummer 1 an dierfte géint eng ausgegelachen Ekipp vu Bäerdref liicht favoriséiert sinn.

Allgemeng ass um Pabeier Diddeleng déi stäerksten Ekipp an hofft deemno op den éischten Titel an der Coupe des Dames zanter 2013.