Um Freideg war den Optakt vum véierte Spilldag am Ofstigsgrupp bei den Hären. 

Am Duell vun den Opsteiger setzt sech Avanti Munneref mat 97:88 géint Hiefenech duerch. Fir d'Gäscht ass et eng batter Defaite am Kampf géint den Ofstig.

D'Lokalekipp konnt sech fréi am Match ofsetzen a louch an der Paus 47:38 a Féierung. Hiefenech ass et gelongen, sech am leschte Véierel nees zeréckzekämpfen, zwou Minutte viru Schluss stoung et 86:83. Domat ass nach emol Spannung opkomm, ma d'Ekipp krut d'Partie allerdéngs net méi gedréint. De Profispiller John Ross konnt bei Munneref mat 39 Punkten iwwerzeegen, hie koum donieft op 15 Rebounds an 8 Assists.

Um Samschdeg spillen d'Musel Pikes doheem géint Mambra Mamer. D'Lokalekipp huet d'Méiglechkeet, de Réckstand op Mamer op ee Punkt ze verkierzen a sech gläichzäiteg e Virsprong géintiwwer Hiefenech ze sécheren.