Um Samschdeg war den Optakt vun der Finallserie bei den Dammen, déi am Best-of-Five Modus gespillt gëtt.

Dammen

De Champion Gréngewald Hueschtert setzt sech doheem mat 78:68 géint d'Sparta Bartreng duerch a geet domat 1:0 an der Serie a Féierung.

D'Lokalekipp ass duerch den Impuls vum Lisy Hetting staark an d'Partie gestart a louch Mëtt vum zweete Véierel 37:21 vir. D'Gäscht konnten allerdéngs virun der Paus dofir suergen, dass een an der zweeter Hallschecht konnt op Spannung hoffen. Mat 48:42 fir de Gréngewald goufen d'Säite gewiesselt.

Bescht Aktioune vum Match Gréngewald géint Bartreng

D'Zuschauer hunn den nämmlechten Zenario gesi wéi an der éischter Hallschecht. Hueschtert konnt sech e Virsprong erausspillen a Bartreng huet ëmmer nees reagéiert an ass dru bliwwen. Richteg enk konnt Bartreng de Match allerdéngs net méi gestalten. Hueschtert wënnt um Enn souverän.

D'Alexus Johnson konnt mat 24 Punkten a 14 Rebounds iwwerzeegen, d'Lisy Hetting huet 22 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Den zweete Match vun der Serie gëtt nächste Samschdeg zu Bartreng gespillt.