No ronn engem hallwe Joerhonnert am Déngscht vum Lëtzebuerger Dëschtennis hält den André Hartmann an der Federatioun op.

Um Kongress vun der Lëtzebuerger Dëschtennis-Federatioun ass den André Hartmann no laangjäregem Déngscht an der FLTT ofgetrueden. No 27 Joer als President mécht hie Plaz fir nei Gesiichter. Seng Funktioun als President iwwerhëlt de Charel Müller, dee bis elo als Vize-President fungéiert huet.

Den André Hartmann war méi wéi en halleft Joerhonnert am Lëtzebuerger Dëschtennis engagéiert. Viru sengem Engagement als Verantwortleche war hien en erfollegräichen Nationalspiller.

D'Joer 2024 war dat bescht Joer fir de Lëtzebuerger Dëschtennis an e weidere Meilesteen an der Geschicht vun der Federatioun, wéi den André Hartmann um Kongress resuméiert huet. Den Dëschtennis ass aktuell mat 10 Sportler am olympesche Kader vertrueden. 6 sinn am Elitte-Kader a 4 am Promotiounskader.

Op d'Affär Sarah De Nutte ugeschwat, huet de scheedende President gemengt, dass d'Federatioun dës Affär léiwer intern diskutéiert hätt amplaz um ëffentleche Plateau. Nieft dem André Hartmann mécht och de Camille Gonderinger Plaz fir méi jonk Leit.