Oklahoma, Boston a Cleveland sinn d'Favoritten op den Titel

D'Boston Celtics wëllen hiren Titel aus dem leschte Joer verdeedegen. / © AFP
Um Samschdeg ass an der NBA den Optakt vun de Playoffs. An der regulärer Saison hunn dräi Ekippe sech an de Fokus gespillt.
No enger laanger regulärer Saison mat 82 Matcher fir all Ekipp stinn an der NBA d'Playoffs virun der Dier. Aktuell kämpfen nach véier Ekippen am sougenannte "Play-in"-Tournoi ëm déi leschten zwou Plazen, jeeweils eng am Osten an eng am Westen.
Favoritten an MVP-Duell

De Shai Gilgeous-Alexander an den Nikola Jokic hei am direkten Duell.
An den nächste Woche wäert dann och d'Fro beäntwert ginn, wéi ee Spiller als wäertvollste vun der Saison (MVP) ausgezeechent gëtt. Hei si sech d'Experten eens, dass et op en Zweekampf erausleeft. De Kanadier Shai Gilgeous-Alexander ass den Topscorer vun der Liga mat 32,7 Punkten am Duerchschnëtt, hien huet Oklahoma City gehollef, d'Saison mat 68 Victoiren an nëmme 14 Defaiten ofzeschléissen. De Serb Nikola Jokić steet mat Denver zwar just op der véierter Plaz an der Western Conference, allerdéngs huet hien en Triple Double am Schnëtt um perséinleche Kont: 29,6 Punkten, 12,7 Rebounds an 10,2 Assists. Et kéint deemno gutt sinn, dass den Europäer säi véierten MVP-Titel gewënnt.
Oklahoma City huet sech duerch eng konstant Saison d'Roll vum Favorit am Weste verdéngt. Änlech staark hunn d'Cleveland Cavaliers am Osten iwwerzeegt, hir staark Saison ass duerchaus als Iwwerraschung ze wäerten. De Champion Boston Celtics geet als zweetstäerksten Ekipp am Osten an d'Playoffs an dierft nees e laange Parcours viru sech hunn.
En Trade als Opreeger vun der Saison

© AFP
Ufank Februar koum et zu engem Spillerwiessel, deen d'Liga op d'Kopp gehäit huet an zanterhier wéi keng aner Nouvelle an der NBA diskutéiert gëtt. De Wiessel vum Luka Dončić bei d'Los Angeles Lakers huet der Ekipp Hoffnunge ginn, dëst Joer ëm den Titel ze spillen. D'Lakers ginn als Tabellendrëtten am Westen an d'Playoffs a spille géint d'Minnesota Timberwolves. Weider Ekippe rechne sech Chancen aus, fir e Wuert ëm den Titel matzeschwätzen. All Serie gëtt am "Best-of-seven"-Modus ausgedroen, d'Finalle sti vum fënnefte Juni un um Programm.
Playoffs am Iwwerbléck
Osten
(1) Cleveland Cavaliers - (8) Chicago Bulls oder Miami Heat
(2) Boston Celtics - (7) Orlando Magic
(3) New York Knicks - (6) Detroit Pistons
(4) Indiana Pacers - (5) Milwaukee Bucks
Westen
(1) Oklahoma City Thunder - (8) Memphis Grizzlies oder Dallas Mavericks
(2) Houston Rockets - (7) Golden State Warriors
(3) Los Angeles Lakers - (6) Minnesota Timberwolves
(4) Denver Nuggets) - (5) Los Angeles Clippers