Den HB Diddeleng organiséiert all Joer um Ouschterweekend e Jugendturnéier fir seng U17. Dëst Joer war et nees un de Jongen.

Et war e Rekord, deen den HB Diddeleng vermelle konnt. Déi éischt Kéier an der laanger Geschicht vum traditionelle Youth Cup hate sech 16 Ekippen ugemellt. Dës koumen aus 13 europäesche Länner, ënner anerem aus Italien, Tschechien, Spuenien a Griicheland. Um Enn sollt sech d'Ekipp vun Nowe Zamky aus der Slowakei géint d'Norweeger vun Haslum duerchsetzen.

D'Diddelenger U17 koum bei dësem Turnéier, deen e ganz héijen Niveau hat, op déi 13. Plaz. Nodeem si e Samschdeg an enger staarker Grupp 3 Matcher verluer haten, sinn si e Sonndeg an de Klassementsmatcher am ënneschten Deel ugetrueden.