Drëtten a villäicht decisive Match fir Saarlouis an d'Magaly Meynadier

© Michaël Lahure
Um Freideg spillt d‘Magaly Meynadier mat Saarlouis den 3. Match vun der Finall vum däitsche Basket-Championnat.
An den zwou éischte Partië goufen et auswäerts kloer Néierlage géint Keltern. D‘Ekipp aus Baden-Württemberg hat d‘Qualifikatiounsronn op der éischter Plaz vun der Tabell ofgeschloss. An der Finall vun der Coupe konnt sech Saarlouis awer géint Keltern behaapten.
D‘Saarlänner mussen elo den 3. Match gewannen, soss ass den Dram vum Doublé eriwwer. Tëscht dem 2. an elo deem 3. Match huet d‘Ekipp vu Saarlouis probéiert, eraus ze fannen, firwat et an den zwou éischte Partien iwwerhaapt net ronn gelaf ass. D‘Magaly Meynadier ass sech sécher, dat hir Ekipp vill besser ka spillen, wéi se dat an den zwou éischte Finalle gewisen huet an déi Lëtzebuerger Nationalspillerin gleeft drun, datt een de Wee zeréck an d‘Erfollegspuer ka fannen an d‘Championnat esou weider spannend bleift.