Musel Pikes wannen zu Schieren a ginn 1:0 a Féierung

© Emile Mentz (Archiv)
Um Samschdeg war den Optakt vum Barrage bei den Hären, deen am "Best-of-3" Modus gespillt gëtt.
Hären
D'Musel Pikes brauchen nach eng Victoire fir och nächst Saison an der Enovos League ze spillen. D'Ekipp vum Trainer Brian Carroll setzt sech auswäerts mat 85:66 géint Schieren aus der Nationale 2 duerch. D'Lokalekipp hat gutt an de Match fonnt a louch schnell 15:6 a Féierung, duerno hunn d'Pikes allerdéngs reagéiert an et huet sech en enke Match entwéckelt. Am Schlussvéierel hunn d'Gäscht d'Heft an d'Hand geholl an sech ofgesat fir um Enn däitlech ze gewannen.
Den Tom Welter konnt 22 Punkten markéieren bei de Gäscht, de Tristin Walley koum op 21 Punkten.
Den zweete Match vun der Serie steet um Mëttwoch zu Stadbriedemes um Programm. Wann d'Miseler Ekipp dëse Match gewënnt, ass d'Entscheedung gefall.