FLH-Häre preparéiere leschten Heemmatch an der EM-Qualifikatioun

© Emile Mentz (Archiv)
De 7. Mee spillt d'Lëtzebuerger Hären-Handball-Nationalekipp an der 2. Phas vun der Em-Quali hire leschten Heemmatch géint d'Tschechesch Republik.
Den FLH-Nationaltrainer Maik Handschke huet säin 20-Mann staarke Kader matgedeelt, deen d‘Preparatioun en vue vun där Partie matmécht. Nieft de beschten nationale Spiller ronderëm de Kapitän Ben Weyer, sinn och nees d‘Spiller aus dem Ausland, wéi de Vincent Kreiselmaier vu Gummersbach, de Felix Werdel vu Sarrebourg, oder de Loïc Kaysen vum Longericher SC dobäi.
D'Tickete fir beim leschten Heemmatch vun de Roude Léiwen ee Mëttwoch 7. Mee vu 18.45 Auer un am Gymnase vun der Coque Live dobäi ze sinn, si schonn am Virverkaf. All d'Informatioune fënnt een op tickets.flh.lu.
4 Deeg drop, e Sonndeg den 11. Mee, spillt d’FLH-Formatioun dann déi lescht Partie an dëser Campagne zu Rijeka géint de Vizeweltmeeschter Kroatien.