Um Sonndeg den Owend stoung am Playoff vun der Relegatioun bei den Hären de leschte Match vum 8. Spilldag um Programm.

No der 34:29-Victoire géint Péiteng steet fest dass de CHEV Dikrech och an der nächster Saison an der héchster Liga am Handball spillt.

Dobäi krut et Péiteng mat Dikrech ze dinn. Virun allem an der Ufanksphase war de Match relativ ausgeglach, bei der Lokalekipp hu virun allem de Ben Weibel an de Pol Schlottert erausgestach. D'Ekipp aus dem Norden huet de Match no enger gudder Véirelstonn awer u sech gerappt a louch an der Paus och däitlech mat 22:13 a Féierung. An der zweeter Hallschent sollt sech um Spillverlaf net mei vill änneren, sou dass Dikrech no der 34:28-Victoire géint Péiteng och an der nächster Saison an der AXA League spillt.

AXA League Männer