Enn Ekipement vun 20 Kilo, d'Sportler lafe bis zu 30 Kilometer an der Stonn um Äis an de klenge Puck ka mat sengen 170 Gramm bis zu 180 km/h séier ginn.

Just e puer Zuele ronderëm den Äishockey-Sport, deen hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi Supporter fënnt. Op d’mannst wann ee sech d'Unzuel un neie Lizenzen ukuckt. Bannent deene leschten dräi Joer hu sech déi verduebelt, bannent deene leschte siwe Joer souguer vervéierfacht.

Den Alain Schneider ass de President vun der Lëtzebuerger Äishockey-Federatioun, hie selwer huet mat aacht Joer dëse Sport ugefaangen an huet 28 Joer laang bei Competitioune gespillt.

"Et ass ee Sport, deen huet mir immens vill ginn: Selbstvertrauen, an enger Ekipp ze fonctionéieren, zesummen ze verléieren, zesummen ze gewannen, zesumme muss ee sech druginn. Ech mengen, dat, wat et mir ginn huet, probéieren ech elo zréckzeginn, dofir sinn ech nach dobäi. Well ech hunn dat am Häerz an ech halen och ni domadder op".

Eng vun deene bekanntsten Äishockeyekippen zu Lëtzebuerg sinn d'Tornados. Si trainéieren zwee bis dräi Mol d'Woch op der Äispist op der Kockelscheier. Dem Alain Schneider an der Federatioun no feelt et haut un Äispisten am Grand-Duché:

"Mir hunn am Fong dräi Äispisten hei am Land. Zwou op der Kockelscheier an eng zu Beefort. Zu Beefort ass et leider esou, dass déi just nach dräi Méint am Joer op ass. Vun dohier misst do eppes gemaach ginn, déi si blockéiert an där Hisiicht. A bei eis ass et esou, hei op der Kockelscheier, mir hunn net méi Äiszäiten, mir deelen natierlech d'Äis mat all deenen anere Clibb wéi Äiskonschtlaf, Äisschnelllaf, Äisstock,... an natierlech mussen déi alleguerten Äis hunn. Dat bremst eis aktuell wierklech aus, mir sinn amgaangen ze kucken, ob et net méiglech wär, nei Infrastrukturen ze kréien, dat heescht nei Äispisten."