D'Red Boys konnte sech um leschte Spilldag mat 25:38 géint Bierchem duerchsetzen an domadder nees fir déi éischte Kéier zanter 2016 den Titel sécheren.

E Samschdeg war am nationalen Handball-Championnat de leschte Spilldag, wou sech am direkten Duell tëscht Déifferdeng a Bierchem de Champion decidéiere sollt. Mat enger 38:25-Victoire kënnen um Enn d'Red Boys den Titelgewënn feieren.

Als Leader vum Championnat war Déifferdeng an de Réiserbann gefuer, wou och ee Gläichspill fir de Championstitel duergaange wier. An der éischter véierel Stonn vum Match gouf et och den erwaart enke Match tëscht den zwou Spëtzenekippen. Kuerz virun der Paus ass et de Red Boys dann eng éischte Kéier gelongen, eng kleng Féierung vu véier Goler ze halen. Eng Reaktioun ass vun de Bierchemer an der zweeter Hallschent ausbliwwen. Déifferdeng war net méi ze bremsen an huet d'Féierung ëmmer weider ausgebaut. Relativ fréi viru Schluss huet sech sou ugedeit, datt sech d'Gäscht dës grouss Féierung vun tëschenzäitlech bis zu eelef Goler net méi huele loosse géing. Um Enn muss sech den Titelverdeedeger vum HC Bierchem däitlech mat 25:38 geschloe ginn an de Championstitel domadder un Déifferdeng ofginn.

An den zwou weidere Partië vum Owend konnt sech den HC Standard dann nach mat 31:29 zu Käerjeng duerchsetzen a fir den HB Esch gouf et e 34:32-Succès zu Diddeleng.

Europäesch spillen d'nächst Saison Déifferdeng, Bierchem, Diddeleng an Esch.

Déi héchst Divisioun am nationalen Handball-Championnat gëtt d'Saison 2025/2026 mat den nämmlechten Ekippe wéi dës Saison gespillt. Rëmeleng an Dikrech, déi sech d'nächst Saison mam Blagojce Krstev op der Trainerbänk nei opstellen, hate sech nämlech an der Relegatioun géint Péiteng a Leideleng behaapt.