Zu Roland Garros am Tennis huet den Alexander Zverev e gudden Optakt.

Den Däitsche wënnt am éischten Tour vun dësem Grand Slam zu Paräis kloer an 3 Sätz 6-3, 6-3 an 6-4 géint den Learner Tien aus den USA.

Fir den Daniil Medvedev ass et dogéint schonn eriwwer. De Russ verléiert an 5 Sätz, 5-7 am 5. géint de Britt Cameron Norrie. An de Bulgar Gregor Dimitrov huet am 4. Saz géint de Qualifikant Ethan Quinn aus den USA missen opginn.
 
Bei den Dammen ass d'Victoria Azarenka eng Ronn weider. D'Spillerin aus Belarus wënnt mat zweemol 6-0 géint d'Yanina Wickmayer aus der Belsch.