An der Nuecht op e Sonndeg huet sech decidéiert, wien an der Finall vun der NBA steet.

An der NBA wäerte sech d'Oklahoma City Thunder an d'Indiana Pacers an der Finall géintiwwer stoen.

An der Nuecht op e Sonndeg konnt sech Indiana an der Finall am Osten (Eastern Conference) mat 125:108 géint New York duerchsetzen an d'Serie domat 4:2 gewannen.

Scho virun e puer Deeg hat sech am Westen (Western Conference) Oklahoma City mat 4:1 géint Minnesota den Ticket fir d'Finall geséchert.

Heemrecht an der Finall, déi och am Modus "Best of 7" gespillt gëtt, huet Oklahoma City. D'Ekipp war als Éischten am Westen an d'Playoffs gestart an huet seng Favoritteroll bis elo ënnerstrach. De Kanadier Shai Gilgeous-Alexander gouf dann och zum wäertvollste Spiller (MVP) vun der Saison gewielt.

RTL

Shai Gilgeous-Alexander / © AFP

D'Indiana Pacers stinn iwwerraschend an der Finall, d'Ekipp war als véierten am Osten an d'Play-offs gestart, huet dobäi mat de Cleveland Cavaliers déi stäerksten Ekipp eliminéiert a sech duerno géint New York behaapt. Ouni richtege Superstar, mee mat enger ausgeglachener Ekipp wäerten d'Pacers probéieren, fir an der Finall déi nächsten Iwwerraschung ze realiséieren.

Fest steet op alle Fall, dass et dat 6. Joer noeneen ass, dass en anere Club Champion an der NBA gëtt. No Boston (2024), Denver (2023), Golden State (2022), Milwaukee (2021), Los Angeles Lakers (2020) an Toronto (2019) wäert sech Oklahoma oder Indiana an de Palmarès aschreiwen. Optakt vun der Finallserie ass de 6. Juni, e méigleche 7. Match géif den 23. Juni um Programm stoen.