En Dënschdeg war an Andorra deen éischte Competitiounsdag. Fir d'Lëtzebuerger gouf et vill Medailen.

28 Medailen (10 Gold, 7 Sëlwer an 11 Bronze) huet de Grand-Duché um éischten Dag vun de Competitioune gesammelt.

Un der Spëtzt steet Zypern mat 33 Medailen (12 Gold, 9 Sëlwer an 12 Bronze).

Op der drëtter Plaz läit Montenegro mat 16 Medailen (5 Gold, 8 Sëlwer an 3 Bronze).

Éischt Goldmedail geet un d'Marie Schreiber

Déi éischt Medaile vum Dag gouf et am Cyclissem. Am Zäitfueren huet d'Marie Schreiber déi éischt Goldmedail fir Lëtzebuerg op dëse Spiller vun de klenge Länner gewonnen. Sëlwer ass un d'Nina Berton gaangen.

Bei den Häre war et Sëlwer fir den Alex Kirsch a Bronze fir de Mats Wenzel.

Reaktioune fannt Dir hei.

Anetta Mosr suergt fir gëllene Moment am Judo

Dem Anetta Mosr (-63kg) ass d'Revanche fir déi verluere Finall bei de Spiller vun de klenge Länner 2023 op Malta gegléckt. Dës Kéier huet d'Lëtzebuergerin d'Monegassin geklappt a Gold gewonnen.

Eng gelonge Première gouf et fir d'Carla Tavares Fernandes (-52kg). Déi jonk Judoka huet Sëlwer gewonnen. Si stoung zesumme mam Lena Schmit (Bronze) um Podium.

An och de Kevin Nunes Dos Santos (-73kg) konnt sech iwwer Bronze freeën.

Reaktioune fannt Dir hei.

Zwou Goldmedaile bei Karate-Première

Fir d'éischte Kéier ass de Karate bei de Spiller vun de klenge Länner dobäi. D'Jenny Warling huet d'Chance genotzt a sech Gold an der Gewiichtsklass -55kg geséchert. Och den Jordan Sibille (-67kg) huet senger Konkurrenz keng Chance gelooss.

Reaktioune fannt Dir hei.

Zwou Medailen am Turnen

Am Konschtturne gouf et zwee Mol Bronze, dat fir d'Dammenekipp a fir d'Härenekipp.

Eemol Sëlwer an eemol Bronze am Schéissen

Am Loftgewier 10m war et Sëlwer fir d'Isaure Gofette a Bronze fir de Luc Klein.

4 Mol Gold fir d'Schwëmmer

Véier Goldmedaile gouf et fir d'Schwëmmer. Bei den Häre konnt sech iwwer 100 Meter Crawl de Ralph Daleiden Ciuferri duerchsetzen. An der Finall iwwer 200 Meter Papillon stoungen dann zwee Lëtzebuerger um Podium. De Florian Frippiat ass op déi éischt Plaz geschwommen. Bronze war fir de Joao Reisen Braga Soares Carneiro.

Och iwwer 200 Meter Papillon vun den Dammen ass Gold u Lëtzebuerg gaangen. D'Emma Barthel konnt sech behaapten.

An der leschter Schwamm-Competitioun vum Dag huet dann d'Lëtzebuerger Staffel vun den Hären (Daleiden, Kemp, Chausson an Henx) iwwer 4x100 Meter Crawl Gold gewonnen.

Eng Bronzemedail war et dann nach op den 800 Meter Crawl vun den Damme fir d'Lou Jominet ginn.

RTL

© Finn Kemp

Iwwerraschend Goldmedail fir Hären-Dubbel

De Maël van Dessel an den Tom Scholtes hunn an der Halleffinall den Toppfavorit Malta, no zwee Matchball géint sech, eliminéiert. An der Finall hu se géint Zypern Gold gewonnen.

Bei den Damme war Bronze fir d'Sarah De Nutte an d'Enisa Sadikovic. Fir si war et déi éischte Kéier, datt si zesumme gespillt hunn.

Reaktioune fannt Dir hei.

Gold fir de Charel Gaspar an der Liichtathletik

Als Ofschloss gouf et en Dënschdeg den Owend nach emol Gold. De Charel Gaspar stoung am Héichsprong ganz uewen um Podium.

D'Bridder Gil a Charel Weicherding konnte sech iwwer 3.000 Meter Steeple iwwer eng Medail freeën. Fir de Gil war et Sëlwer a fir de Charel Bronze. Bei den Damme konnt sech iwwer déi nämmlecht Distanz d'Liz Weiler iwwer Sëlwer freeën.

Sëlwer gouf et och fir d'Noéme Pleimling mam Spär. An dann huet sech nach de Mathis Espagnet Bronze iwwer 800 Meter geséchert.

Groussherzoglech Ënnerstëtzung an Andorra

Fir den Optakt vun de Competitioune huet de Prënz Felix et sech net huele gelooss, d'Lëtzebuerger Athlete live op der Plaz unzefeieren.

Den Artikel fannt Dir hei.

RTL

© Fernand Schmitz

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.