Bei 3 Grad dobaussen trainéieren, dat géif net goen, sou datt een den Ament mat den Indoor-Ekippen trainéiere misst, sou d'FLVB-Presidentin.

D'Norma Zambon ass Presidentin vun der Volleyballfederatioun an zanter dem Weekend sécherlech nach e Stéck méi houfreg op hir Ekippen ewéi virun de Spiller vun de klenge Länner.

D'Indoor-Ekippen hunn en Exploit realiséiert. Souwuel d'Dammen- ewéi d'Härenationalekipp huet Gold an Andorra gewonnen. Dat gouf et bis ewell nach net.

Am Beachvolleyball goung d'Sëlwermedail un d'Dammen. "Ech si méi ewéi happy", sou d'Norma Zambon. 2013 gouf et fir d'lescht eng Medail am Beachvolleyball op Spiller vun de klenge Länner. Deemools zu Lëtzebuerg a virun 12 Joer fir déi aktuell Presidentin. 
"Zanter bal engen Dose Jore kämpfen ech fir eng Beachhal zu Lëtzebuerg. Déi soll elo deemnächst kommen. Zu Bissen ass se virgesinn", esou d'Norma Zambon am RTL-Interview. "Déi Hal ass iwwerfälleg. Am Wanter bei 3 Grad, Schnéi oder Reen trainéiere klappt net", sou eng engagéiert Presidentin. A weider: "6 Méint ouni Training dat geet net. Den Ament mussen eis zwou Beachvolleyball-Ekippe mat den Indoor-Ekippen trainéieren.

D'FLVB-Presidentin freet sech op 2029, D'Spiller vun de klenge Länner zu Lëtzebuerg. Grad ewéi 2013 wäerten dann d'Supporter nees eng grouss Roll spillen. D'Supporter si wichteg. Fir all d'Sportaarten", Sou nach d'Norma Zambon.