Op d'Syra vu Menster waart um Enn trotz enger staarker Réckronn eng weider Saison an der 1. Divisioun.

Schëffleng 2:0 Syra Menster
1:0 Karaoui (37'), 2:0 Koriche (78')
 
Viru 1462 Spectateuren am Stade John Grün zu Munneref waren et déi Schëfflenger, déi déi éischte geféierlech Aktioun haten. De Coulibaly konnt sech op der lénker Bande duerchsetzen an hat de Ball flaach op den zweete Potto gespillt. Hei stoung de Karaoui ze fräi, säin Ofschloss war awer net cadréiert genuch a sou goung de Ball iwwert d'Lat. Duerno hat et bis zur 30. Minutt gedauert éiert Schëffleng erëm geféierlech virum Menster Gol opgetaucht war. Nodeems d'Syra de Ball net gekläert krut, ass dat ronnt Lieder iwwert de Karaoui bei de Couji komm, deen aus knapp 11 Meter ofgezunn hat. Mat enger excellenter Parad konnt de Kerschen de Ball awer paréieren. Siwe Minutte méi spéit sollt d'Ekipp vum Grégory Imhoff dann awer a Féierung goen. No der Pass vum Koriche konnt sech de Karaoui am Strofraum duerchsetzen an de Ball mat engem iwwerluechte Schoss an de laangen Eck setzen.

Nom Téi huet sech Menster fréi selwer geschwächt. De Momo Njombe hat sech de Ball an der eegener Hallschent geholl a konnt iwwert den hallwen Terrain duerchlafen. Den T. Habscheid konnt de Schëfflenger just nach mat enger Noutbrems stoppen a krut doropshin déi rout Kaart gewisen. Mat engem Mann méi konnt Schëffleng de Match duerno geréieren an de Ball an den eegene Reie lafe loossen. Nodeems de Moukam an der 54. Minutt nach un der Lat hänke blouf, goung dem Karaoui säi Schoss aus dem Strofraum an der 61. Minutt um Enn kloer iwwert de Menster Gol. Trotz Ënnerzuel koum d'Syra an der 77. zu hirer beschter Geleeënheet. De Mukendi spillt eng Pass op de Maurer, deen ze fräi zum Ofschloss kënnt, de Ball goung awer knapp laanscht de Potto. Praktesch am Géigenzuch konnt Schëffleng fir d'Entscheedung suergen. Dem Koriche säi prezisen Ofschloss war vum Potto an de Gol gesprongen, sou datt de Kerschen de Ball just nach aus dem Filet huele konnt.

Soumat ka sech Schëffleng duerch eng verdéngten 2:0-Victoire an der Éierepromotioun halen, fir Menster steet dogéint eng weider Saison an der 1. Divisioun um Programm.