De Sportchef vum Quotidien Denis Bastien schwätzt vun enger lamentabeler Situatioun, nodeems ee vu senge Journaliste vum Point Presse ausgeschloss gouf.

Déi lescht 24 Stonne gouf et zolidd Kritik un der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, dem FLF-Nationaltrainer Luc Holtz an dem President Paul Philipp: wéinst der Nominatioun vum Spiller Gerson Rodrigues (rezent elo nach vun der LSAP) a wéinst dem Ëmgang mat der Press.

Op engem Point Presse vum Luc Holtz en Dënschdeg war mam Julien Mollereau ee Journalist vum Quotidien net erwënscht. Hie war um Owend virdrun, kuerz virun Hallefnuecht, ausinvitéiert ginn. Et sollt een anere Vertrieder vun der franséischsproocheger Zeitung kommen.

Doropshi gouf et ënnert anerem e Communiqué vun der Lëtzebuerger Sportspress mat Verweis op d'Pressefräiheet.

Donieft hat den Nationaltrainer um Point Presse zum Theema Gerson Rodrigues gesot, datt dat virun allem een Theema wier, wat vu bausse géif opgebauscht ginn.

Journalist net erwënscht: FLF-President a Sportchef vum Quotidien reagéieren
Déi lescht 24 Stonne gouf et zolidd Kritik un der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, dem FLF-Nationaltrainer Luc Holtz an dem President Paul Philipp.

An engem Interview e Mëttwoch de Mëtteg huet den RTL-Sportjournalist Jeff Kettenmeyer den FLF-President Paul Philipp mam Feu vert fir de Gerson Rodrigues an dem Ausschloss vun engem Quotidien-Journalist konfrontéiert. Dora war et ënnert anerem dës Ausso: "Bei der FLF hu mir kee Problem mat Kritik a wëssen, wéi wichteg d'Press ass." Wat de Gerson Rodrigues ugeet, huet den FLF-President widderholl, datt een de Spiller nieft dem Geriicht net hätt wëllen nach eng zweete Kéier sanktionéieren. Dat wier kritiséiert ginn, et hätt een awer och Zousproch kritt fir déi Haltung. Ausserdeem hätt een dem Spiller kloer gemaach, datt et seng leschte Chance wier.

"Bei der FLF hu mir kee Problem mat Kritik a wësse wéi wichteg d'Press ass"
Den FLF-President Paul Philipp huet am Interview mam Jeff Kettenmeyer iwwert „d‘Affär“ Quotidien an d‘Selektioun vum Gerson Rodrigues geschwat.

Den RTL-Sportjournalist Rich Simon huet iwwerdeems beim Sportchef vum Quotidien, dem Denis Bastien, nogefrot, wéi ee mat der Situatioun ëmgeet a wéi et an Zukunft kéint weidergoen, fir mat der FLF ze schaffen an iwwer d'Nationalekipp ze berichten. Den Denis Bastien huet ënnerstrach, datt ee Journalisten net einfach opgrond vun hiren Artikele kéint ausschléissen, dat wier lamentabel. An der Nuecht op en Dënschdeg hat de Julien Mollereau jo vun der FLF matgedeelt kritt, dass en um Point Presse "persona non grata" wier.

"D'écarter Julien Mollereau, c'est lamentable."
De Rich Simon huet beim Sport Chef vum Quotidien, dem Denis Bastien, nogefrot wéi een mat der Situatioun ëmgeet an wéi et an Zukunft kéint weider goen.

Um Donneschde Moien hunn d'Piraten an engem Communiqué der FLF virgehäit, gesellschaftlech Wäerter mat Féiss ze trëppelen.

Ausserdeem reagéieren déi gréng a stellen an enger question parlamentaire dem Sportminister Georges Mischo véier Froen iwwer d'Krittäre vun de Selektiounen an iwwert säin Austausch mat der FLF.