Konsequenze gefuerdertLSAP weist der FLF d'rout Kaart

RTL Lëtzebuerg
An engem Communiqué fuerdert d'LSAP Konsequenze vum COSL a vum Sportsministère géint d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun.

D’LSAP schreift, “datt et fir d’FLF, hire Verwaltungsrot mam Paul Philipp un der Spëtzt an den Nationaltrainer Luc Holtz déi normaalste Saach vun der Welt ass, wa Männer déi Frae schloen, weider als Idol fir jonk Futtballspiller an d’Nationalekipp geruff ginn”.

D’FLF géif dat aktiv ënnerstëtzten, ma hätt dann e Problem domadder, wa se dowéinst kritiséiert gëtt a géif Journalisten drun hënneren, hir Aarbecht ze maachen.

D’Francine Closener vun der LSAP

D’FLF géif d’Pressefräiheet attackéieren an d’FLF géif Gewalt banaliséieren, spezifesch Gewalt géint Fraen.

Fir d’LSAP wier kloer, datt d’Futtballfederatioun hire gesellschaftlechen Optrag net méi erfëllt.

Den Olympesche Comité, als Daachorganisatioun vum Lëtzebuerger Sport, an de Sportsministère misste Faarf bekennen a Konsequenzen huelen.

RTL-News: Paul Philipp bezitt Stellung - “Bei der FLF hu mir kee Problem mat Kritik, a wëssen, wéi wichteg d’Press ass”
RTL-News: Sportspress - Journalist vum Quotidien op Point Presse vun der Nationalekipp net erwënscht
RTL-News: Nationaltrainer reagéiert - “Ech fille mech net dozou beruff, nach eng Kéier ze jugéieren”

Back to Top
CIM LOGO