Déi franséisch Spillerin huet e Mëttwoch an der Véierelsfinall vun de French Open mat 7:6 a 6:3 géint d'Mirra Andreeva gewonnen.

D'Lois Boisson ass aktuell nach d'Nummer 361 an der Weltranglëscht, dat wäert sech no Roland Garros awer änneren. Do steet déi 22 Joer jonk Franséisin nämlech elo an der Ronn vun de leschte 4. Nodeems si an der Aachtelsfinall d'Nummer 3 vun der Welt eliminéiert hat, huet si e Mëttwoch elo och nach d'Nummer 6 erausgeheit.

An der Halleffinall kritt d'Boisson et elo mam Coco Gauff ze dinn. An engem reng US-amerikaneschen Duell huet si sech mat 6:7, 4:6 a 6:1 géint d'Madison Keys duerchgesat.

Bei den Hären huet iwwerdeems d'Nummer 1 vun der Welt, de Jannik Sinner, mat 6:1, 7:5 a 6:0 géint den Alexander Bublik aus Kasachstan gewonnen.

An der leschter Véierelsfinall vun den Hären huet sech den Novak Djokovic a véier Sätz mat 4:6, 6:2, 6:3 a 6:4 géint den Alexander Zverev duerchgesat.