Kee Gewënner, Lëtzebuerg an Irland trenne sech leeschtungsgerecht mat 0:0
En Dënschdeg ass et fir d'Rout Léiwen am Kader vun engem Frëndschaftslännermatch géint Irland gaangen. Béid Formatioune hu sech mat engem 0:0 getrennt.
Nodeems d'Lëtzebuerger e Freideg knapps mat 0:1 géint Slowenien de Kierzere gezunn hunn, stoung fir d'Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz en Dënschdeg schonn direkt den nächste Match um Programm. An dësem hunn d'Rout Léiwen misse géint Irland untrieden. Mä och an dësem Match sollte si net als Gewënner vum Terrain goen, awer och net als Verléierer. No 45 onintressante Minutten an der éischter Hallschent an no 45 e bësse méi spannende Minutten an der zweeter Hallschent, trenne sech Lëtzebuerg an Irland mat engem leeschtungsgerechten 0:0.
Lëtzebuerg - Irland 0:0
Déi ronn 6500 Spectateure krute keng gutt éischt Hallschent am Stade de Luxembourg ze gesinn. Béid Formatiounen hu sech am Spillopbau schwéier gedoen, soudatt sech op béide Säiten eng sëllege Feeler am Spillopbau ageschlach hunn. E richtege Spillfloss sollt ni opkommen an deementspriechend gouf et och wéineg Golchancë fir d'Spectateuren, déi den Owend de Wee an de Stadion fonnt haten. Et hues bis an déi 15. Minutt gedauert, ier datt eppes virun engem Gol geschéie sollt, allerdéngs huet de Rodrigues mat sengem Schoss aus der Dréiung de Gol dann dach däitlech verfeelt. An der 29. Minutt gouf et dunn déi éischt geféierlech Golchance ze gesinn. No engem iresche Ballverloscht huet de Bohnert d'Spill séier gemaach an huet de Sinani geschéckt, deen e puer Meter mam Ball marschéiert ass an dunn aus der Distanz ofgezunn huet. Säi saten Distanzschoss konnt awer vum O'Leary am iresche Gol mat enger schéiner Parad an de Corner deviéiert ginn. D'Iren dogéint si just eng Kéier geféierlech virum Gol vun de Roude Léiwen opgedaucht an dëst war an der 43. Minutt. No engem Fräistouss vum Smallbone ass de Collins op eemol fräi zum Kappball komm. Allerdéngs konnt dësen de Ball net am Gol ënnerbréngen an huet just d'Lat getraff. Gléck fir Lëtzebuerg well de Pereira am Gol wier ouni Chance gewiescht. Kuerz drop ass et mat engem 0:0 op den Téi gaangen. Deemno kruten d'Spectateure more Kascht gebueden, obschonns d'Lëtzebuerger déi méi present Ekipp waren. A Golchancë konnte si déi Presenz awer net ëmmënzen.
Béid Formatioune sinn du mat engem aneren Elan an déi zweet 45 Minutte gestart an hu sech vun Ufank u Chancë kreéiert. Esou hat de Jans an der 49. Minutt den 1:0 um Fouss leien, allerdéngs huet de Lëtzebuerger Kapitän de Ball aus kierzter Distanz iwwert de Gol gesat. D'Iren haten dogéint eng riseg Occasioun an der 52. Minutt, mä och de Parrott krut de Ball net iwwert de wäisse Stréch gedréckt, soudatt et bei engem 0:0 bliwwen ass. D'Iren hunn net labber gelooss an hu weider monter no vir gespillt: An der 63. Minutt huet den Taylor säi Gléck aus der Distanz probéiert, mä säi Schoss huet de Lëtzebuerger Gol knapps verfeelt. Kuerz dorobber louch de Ball dunn allerdéngs am Lëtzebuerger Filet, mä dem Parrott säi Gol huet wéinst enger Abseitspositioun net gezielt. D'Lëtzebuerger hunn awer net nëmmen nogekuckt, mä hu sech selwer och e puer Chancen, virun allem duerch den Dardari, erausgespillt. Dovunner sollt awer keng de Wee an den iresche Gol fannen. An der Schlussphas ass de Match awer nees ofgeflaacht a béid Ekippen hu sech nees ofgetaascht. Mä kuerz viru Schluss sollt Irland nach bal de Lucky-Punch geléngen: Et war den Taylor, deen an der 88. Minutt aus der Distanz ofgezunn huet, mä mat sengem Schoss just d'Lat vum Gol zum Wackele bruecht huet. Duerno ass näischt Nennenswäertes méi um Terrain geschitt, soudatt de Match tëscht Lëtzebuerg an Irland mat engem 0:0 op en Enn geet.