Iwwer 70 Leit hu sech fir Protestaktioun am Stade de Luxembourg mobiliséiert

© Fernand Schmitz
"Rout Kaart fir d'FLF": esou war d'Protestaktioun en Dënschdeg virun an am Stadion iwwerschriwwen wéinst der Affär ronderëm de Gerson Rodrigues an der FLF.
No enger änlecher Situatioun leschte Freideg hate sech en Dënschdeg iwwer 70 Leit mobiliséiert, fir en Zeechen ze setze géint Gewalt géint Fraen.
18 Méint Prisong mat Sursis: dozou gouf den Nationalspiller Gerson Rodrigues verurteelt. Trotzdeem stoung hie beim Lännermatch géint Irland op en Neits um Terrain. An der 18. Minutt vum Match si symbolesch rout Kaarten an d'Luucht gehale ginn. Eng Aktioun, där sech och eng ganz Partie iresch Supporter ugeschloss haten.
D'Cléo Thoma vum CID Fraen an Gender huet betount, datt de Gerson Rodrigues nach ëmmer selektionéiert ass, sech dorunner näischt geännert hätt an ee sech dofir op en Neits mobiliséiere wollt.
"A wann ee kuckt, déi Posten, déi de Gerson Rodrigues vu sech ginn huet, do gesi mir vun him senger Säit aus absolut keng Prise de conscience. T'ass klassescht Täterverhalen, en zitt nach eng Kéier iwwert seng Ex-Partnerin hier, e stellt sech selwer als Victime duer. Mir fannen dat eigentlech absolut hallucinant."
An d'Ex-Partnerin an Affer vum Gerson Rodrigues, d'Emilie Boland hat en Dënschdeg och hire Courage zesumme geholl, fir en Zeechen ze setzen:
"Mat der Zäit geet et besser, ech hu lo extreem vill Kraaft. Ech krut extreem vill Support vu Fraen an och vu Männer. Dat wëll ech och nach eng Kéier soen, et sinn extreem vill Männer och op menger Säit, déi mer extreem vill Support ginn hunn, wärend deenen zwee Joer. An elo ass et wierklech komplett public komm, méi wéi virun zwee Joer, wou ech Plainte gemaach hunn. Et deet einfach gutt, dass ech gesinn, dass Leit hannert mer stinn an dofir dat huet mech all Dag gestäerkt. An dofir wëll ech jidderengem soen, deen déi selwecht Situatioun hat wéi ech: Dir sidd net eleng an Dir braucht wierklech keng Angscht ze hunn. Et ass extreem schwéier, mee jidderee kann erauskommen aus esou enger Affär."
"Fussball ass politesch", "Schumm dech weider FLF" oder "Wie Fraen schléit, dee spillt net fir eis" ware Spréch, déi ze liesen an ze héiere waren. Wärend dem Match ass de Rodrigues och vun de Manifestanten allkéiers ausgebuut ginn, soubal en de Ball krut. D'Emilie Boland hätt sech gewënscht, datt hien op d'mannst fir puer Matcher vum Nationaltrainer Luc Holz gespaart gi wier. Op der Pressekonferenz nom Match huet deen iwwerdeems net weider op Froen zu der Affär wollten äntweren a betount, hien hätt sech bis elo just op dat um Terrain konzentréiert.
"Ech sinn awer och net esou blann oder sou domm, oder wéi Dir et wëllt nennen, fir datt ech elo d'Aen zoumaachen. Nee, natierlech loossen ech dat elo 1-2 Deeg sacken an da maachen ech mir natierlech och Gedanken iwwert dat Ganzt an ech probéieren Iech och e bësse méi ze informéieren, wéi dat, wat ech elo weess. An dann natierlech, maachen ech och eng Analys vun där Saach, wat alles nieft dem Terrain lass war. Wéi eng Entscheedunge richteg waren a wéi eng Saachen een hätt villäicht kënnen anescht ugoen."
Wat d'Protestaktioun dann nach ugeet, huet d'Cléo Thoma vum CID Fraen an Gender nach ënnerstrach, datt den Debat iwwer d'Gewalt géint Frae weider gefouert an och weider Aktioune gemaach misste ginn, well et hei net just ëm d'Affär Gerson Rodrigues géif goen, mee wäit iwwert dee Fall eraus.