"Dat huet eng Envergure geholl, déi mer doudsécher net erwaart hätten"
Virum Frëndschaftslännermatch géint Irland huet de Paul Philipp am Interview nach eemol erkläert, datt ee Feeler agestoe muss.
Déi ganz Affär ronderëm de Gerson Rodrigues an d'Ausschléisse vun engem Quotidien-Journalist, "dat huet eng Envergure geholl, déi mer doudsécher net erwaart hätten", sot den FLF-President Paul Philipp. Hie sot, dass een zu senge Saache stoe muss an domat hätt d'Futtballfederatioun och kee Problem.
Et misst een elo kucken, et an Zukunft besser ze maachen, dofir huet ee sech och decidéiert, eng onofhängeg Ethikkommissioun an d'Liewen ze ruffen. Déi wier do, fir ze hëllefen an net fir op een ze klappen.
Virum Match gouf och baussent dem Stadion nees protestéiert. De Gerson Rodrigues wier nach ëmmer selektionéiert, dorunner hätt sech näischt geännert. Déi leschte Kéier wier eng Persoun blesséiert ginn an dofir hätt een haut nach eemol wëlle weisen, datt ee sech net intimidéiere léisst. An den Ae vu CID Fraen an Gender ass de Communiqué mat der Entschëllegung just eng Taktik, fir d'Gemidder ze berouegen.
Och gouf d'Stellungnam vum Gerson Rodrigues ugeschwat. Dat, wat hien en Dënschdeg gemaach hätt, wier typescht Täterverhalen. Hie géif sech als Affer dohinner stellen, dat wier "haluzinant". Et géif allgemeng awer iwwer d'Affär Gerson Rodrigues erausgoen. Allgemeng misst méi géint d'Gewalt géint Frae gemaach ginn.
Och wärend dem Frëndschaftslännermatch huet ee Banneren a Plakater gesinn, déi d'FLF kritiséieren. Virop huet ee Gewalt géint Frae verurteelt.