An enger Zäit vu 57 Minutten an 39 Sekonne gëtt den Josh van Zeeland ënner 500 Participanten deen Drëtten a fillt sech wéi wann e gefuddelt hätt.

Et war eréischt seng drëtte Competitioun iwwerhaapt. HYROX ass en Indoor-Fitness-Championnat, dat aus 8 Kilometer Lafen an 8 verschiddene Workout-Statioune besteet. D'Wuert HYROX ass d'Kombinatioun aus de Wierder "Hybrid" a "Rockstar".

Den Josh van Zeeland huet déi meeschten Zäit vu sengem Liewen am Neiduerf verbruecht, och wann hien entretemps zu Perth an Australien doheem ass. Bei sengem drëtten Optrëtt an deem Championnat (zweet Participatioun an der Pro Division) konnt hien ënner méi wéi 500 Kontrahenten iwwerzeegen.

Den Josh mécht dee Sport also nach net laang, dowéinst ass säin exzellent Resultat eng zimmlech surreal Erfarung fir hien. Et géif sech bal ufillen, wéi wann hie gefuddelt hätt, esou de van Zeeland, deen am Privaten Personal Trainer ass.

Bei de Kolleege vun RTL Today gitt Dir nach méi iwwert den Josh van Zeeland a säi Sport HYROX gewuer.