Véier Supporter vun Atlético Madrid zu Prisongsstrof verurteelt

© AFP
Am Januar 2023 hate Supporter vun Atlético Madrid virum Derby géint Real eng Popp mat engem Trikot vum Brasilianer op eng Bréck gehaangen.
Driwwer war de Schrëftzuch "Madrid haasst Real" ze liesen. Elo goufe véier Männer an deem Kontext vum zoustännege Geriicht zu Madrid verurteelt.
Den Haaptugekloten, dee Fotoe vun der Dot online verbreet hat, muss fir 22 Méint an de Prisong, déi aner Dräi jeeweils 14 Méint. Sollten déi véier Ugeklot een Anti-Diskriminéierungsprogramm ofschléissen, kéinte si hir Prisongsstrofen awer op Sursis aussetzen.
Donieft kruten d'Männer Geldstrofen tëscht 720 an 1.084 Euro a si mussen an Zukunft op d'mannst 1.000 Meter Ofstand zum Vinicius Jr., sengem Wunnsëtz an dem Trainingsterrain vu Real Madrid halen. Och Matcher, déi vum spuenesche Futtballverband RFEF organiséiert ginn, dierfe si net méi kucke goen.
Wéi déi héchst spuenesch Spillklass "LaLiga" matgedeelt huet, haten déi véier Täter virun der geriichtlecher Decisioun ee Schreiwes ënnerschriwwen, fir sech beim Spiller, beim Veräin, bei der Liga a beim Verband ze entschëllegen. Dëst soll dozou bäigedroen hunn, dass d'Ausmooss vum Urteel reduzéiert gouf.