An der Nuecht op e Mëttwoch konnte sech d'Panthers mat 5:1 géint d'Edmonton Oilers duerchsetzen a gewannen d'Finall-Serie mat 4:2.

Den Titelverdeedeger aus Florida konnt sech an der Neioplag vun de Finals d'lescht Joer am sechste Match vun den NHL Finals kloer 5:1 géint d'Edmonton Oilers behaapten. D'Panthers kënnen domat hiren Titel verdeedegen. Zanter 2021 ass dat kenger Ekipp méi gelonge gewiescht.

Entscheedende Mann fir d'Panthers war an dëser sechster Finall de Sam Reinhart, dee véiermol markéiere konnt. Hie gouf och mat der Conn Smythe-Trophy ausgezeechent als wäertvollste Spiller vun de ganze Playoffen. D'Oilers stoungen ënner Drock an hätten d'Partie misse gewannen, fir en decisive siwente Match ze forcéieren. Domat musse si a Kanada, der Heemecht vum Äishockeysport, zanter 1993 op eng NHL-Kroun waarden. Deemools waren d'Montréal Canadiens Champion ginn.