An der NBA huet sech an der Nuecht op e Méindeg Oklahoma City de Championstitel geséchert.

D'Ekipp aus dem Bundesstaat Oklahoma konnt sech an der Finall, déi am "Best-of-7" Modus gespillt gouf, mat 4:3 géint d'Iwwerraschungsekipp Indiana Pacers duerchsetzen. Den entscheedende 7. Match vun der Serie hunn d'Thunder auswäerts mat 103:91 gewonnen.

Eréischt zanter 2008 spillt d'Ekipp ënner dem Numm "Oklahoma City Thunder", virdru waren et d'Seattle Supersonics, déi sech 1979 den éischten an eenzegen Titel an der Veräinsgeschicht séchere konnten. Zanter mëttlerweil siwe Joer huet an der NBA all Joer en anere Veräin den Titel gewonnen. No Boston (2024), Denver (2023), Golden State (2022), Milwaukee (2021), Los Angeles Lakers (2020) an Toronto (2019) huet sech Oklahoma an de Palmarès ageschriwwen.

Kanadier Gilgeous-Alexander MVP

E weideren individuellen Titel huet de Kanadier Shai Gilgeous-Alexander gesammelt. Nodeems hie schonn zum wäertvollste Spiller vun der Saison gewielt gouf, krut hien och den MVP-Titel vun der Finall, dat mat 30,3 Punkte pro Match an der Serie.

Kevin Durant spillt nächst Saison zu Houston

Eng weider Meldung huet déi lescht Stonnen an der NBA fir Schlagzeile gesuergt. De Superstar Kevin Durant spillt d'nächst Saison fir d'Houston Rockets, hie gouf um Sonndeg vu Phoenix op Houston getrade.